Union Mertert-Wasserbillig gewënnt d'Coupe Pol Wilwert

An enger flotter Final konnt d’Union Mertert-Wasserbillig sëch mat 3:1 géint den Daring Echternach, Matkonkurrent aus dem Championnat, behaapten an d’Coupe Pol Wilwert mat heem huelen.

Dësen Tournoi mat 6 Equipen, déi während 3 Deeg zum Deel intressant Matcher am Stade Renert gespillt hunn, gouf zu Eieren vum Pol Wilwert ausgedroën. De Pol Wilwert war 1948 Grënnungsmember vum Berdenia Berbourg, langjähregen Spiller a Comitésmember vum Veräin.

De Präsident Claude Wampach ass a senger Usproch, a Präsenz vun der Madame Mady Wilwert an dem Här Guy Wilwert, op déi vill Verdéngschter vum Pol, Mady a Guy Wilwert agaangen, sie waren während ganz ville Jâren d’Piliers vum FC Berdenia Berbourg.

Duerfir wëllen mir der Famill Wilwert op dëser Plaatz nach eng Kéier eis Unerkennung an eise Merci ausdrécken, fir Alles wat sie fir eise Veräin geleescht hunn, an och fir d'Ennerstëtzung fir d'Coupe Pol Wilwert auszedroën.

 

Klassement a Resulter vum Sondeg:

  1. Union Mertert-Wasserbillig

  2. Daring Echternach

  3. Berdenia Berbourg

  4. Vinesca Ehnen

  5. Jeunesse Biwer

  6. FC Schengen

 

Jeunesse Biwer - FC Schengen 2:0

Jeunesse Biwer - Berdenia Berbourg 0:2

0:1 Freitas

0:2 Boussi

Berdenia Berbourg -  Vinesca Ehnen 1:0

1:0 Roderich

Jeunesse Biwer  - Vinesca Ehnen 1:2

Berdenia Berbourg  - FC Schengen 3:1

0:1

1:1 LeConte

2:1 Roderich

3:1 Chennaux

FC Schengen - Vinesca Ehnen 0:2

Finale:

Union Mertert-Wasserbillig  - Daring Echternach 3:1 (3:0)

 


Share |