Berbourg I gewënnt verdéngt géint Mensdorf I

Syra Mensdorf - FC Berdenia Berbourg 2:6  (0:1)


Die éischt 20 Minuten huet Berbuerg sëch schwéier gedoën ee gutt organiséierte Géigner aus der Verteidegung ze lackelen.  Et ass zevill mat laange Bäll an't Deift probéiert ginn, mee nodeems eis Equipe, iwwert kuerz Statiounen an iwaert Säit, d'Breet gesicht hunn, kruten sie eng iwwert die âner Chance.


Eng dovun huet den Daniel Contrino an der 36 Minute eiskaal am Filet versenkt. Mat 0:1 goung et dunn och an d'Pause .


An der 2 Hallschent huet eng gutt Berbuerger Equipe dunn mat schéine Kombinatiounen ëmmer méi Chance kritt, an den Daniel Contrino huet zum 0:2 an der 47 Minute era gesaat.


Duerno war ët praktesch nëmmen nach e Spill op ee Gool, an daat op deene Mensder hieren! Den 0:3 durch den Ari Boussi an der 56. Minutt an den 0:4 vum Julian Roderich an der 61 Minutt waren d'Folgen.


An der 63 Minutt krutten eis Equipe duerch eng Onopmierksaamkeet den Uschloss zum 1:4 geschoss. Kurz drop, an der 70 Minute huet de Marius Reiter den Score erëm op 1:5 eropgeschrauwt.  Leider krutt Berbourg dunn erëm een dommen Geigengool an der 75 Minute zum 2:5 geschoss.


De leschten Goal an der Partie huet de Manu Kaufmann mat engem Hummer vun 13 Meter ënnert d'Laat gedonnert zum 2:6.


Nächsten Optrëtt vun eiser Equipe ass dëse Weekend op der Coupe Gaston a Roger Diderich vum FC Red Black Egalité Pfaffenthal- Weimerskirch. Mir wäerten an den nächsten Deeg op dësem Site op den détailléierte Program agoën.






Share |