Dem FC Berdenia Berbourg seng Arbitteren

Alex Krüger
Alex Krüger
Gilles Becker
Gilles Becker

Niewt sengen Spiller an de Seniors- a Jugendklassen, huet eise Veräin nach 2 Membren, déi all Weekend um Terrain stoën an eng wichteg Aufgab am Fussball hunn. Et handelt sech ëm den Alex Krüger an de Gilles Becker, déi als Arbitteren vum FC Berdenia Berbourg agéieren.


Den Alex Krüger ass e bekannten Arbitter hei am Land, dien schons vill Matcher an der BGL-League an der Coupe, an och an deenen âneren Divisiounen gepaff huet. Doderniewt war hien awer och  an Champions- an Europaleague- Matcher als 4.Offiziellen fir d'UEFA aktiv. Hien war Member béim CS Grevenmacher, duernô béim Daring Echternach an ass elo zanter méi wéi engem Jâr béi  eis am Veräin.


De Gilles Becker ass e langjähregen Spiller a Member vun eisem Veräin, fir d'éischt huet hien an de Jugendkategorien gespillt, duernô 1. an 2. Equipe, war am Comité, an nô senger aktiver Carrière als Spiller, ass hien elo als Arbitter aktiv.


Hinnen allen 2 e grousse Merci fir déi ganz wichteg, awer och oft ondankbar Aufgab, all Sonndeg als Arbitter um Terrain ze stoën.


Et ass bekannt, dat d'FLF en akuten Arbittermangel huet, an duerfir hei och den Opruf un eis Memberen, sech als Arbitter ze mellen, an sech an d'Coursen anzeschreiwen.


Wien heizou Informatiounen brauch, ka sech mam Alex Krüger oder mam Gilles Becker a Verbindung setzen, an sech erklären loosen, wat d'Aufgab vum Arbitter alles beinhalt. Wien déi 2 Arbitteren nët kennt soll seh mat engem Member vum Comité a Verbindung setzen, fir de Contact hierzestellen.


D'FLF huet an dësem Kontext follgende Message op hierem Site.



Le prochain cours du cycle inférieur pour arbitres de football, organisé par l’E.N.E.P.S.
et le Comité des Arbitres Fédéraux, aura lieu à l’Institut National des Sports
et au CFN de Mondercange aux dates et horaires suivants :
 
 


  • Vendredi le 11 septembre 2015, 18.00-22.00 heures,


INS Luxembourg Fetschenhof


  • Samedi le 12 septembre 2015, 08.00-17.00 heures,


Siège fédéral à Mondercange
 
 
Les tests physiques (tests de Cooper) auront lieu le vendredi
11 septembre 2015 à 18.30 heures à l’Institut National des Sports à Luxembourg.
 
 
Les examens par écrit auront lieu le vendredi 25 septembre  2015
à l’Institut National des Sports à Luxembourg.
 
 
Les formulaires d’inscription peuvent être envoyés par fax au numéro de fax de l’ENEPS : 2478-3457

Hei och nach de Link op d'Säit vun der FLF mam Formulaire fir sech anzeschreiwen.

  

Share |