Ofschlossmatch béi de Veteranen

An hierem leschte Match vun der Saison 2014/2015 hunn eis Veteranen géint d'Equipe vum Tricolore Gasperich gespillt, e Match dien se héichverdengt gewonnen hunn. Trotz den héigen Temperaturen hunn d'Jongen vun deenen 2 Equipen Alles ginn, si vill gelaaf an hu gutt gekämpft.


Béi engem flotten Barbecue an engem gudde Patt soutzen d'Spiller duernô nach zesummen an hunn den Owend gemittlech ausklenge geloss.

Share |