Jugendentente tëschend CS Grevenmacher, Jeunesse Biwer a Berdenia Berbourg 

Nô ville Versammlungen tëschend dem CS Grevenmacher , der Jeunesse Biwer an dem FC Berdenia Berbourg, konnt dës Woch e Vertrag ënnerschriwwen ginn, duerch dien déi 3 Veräiner ab der Saison 2015/2016 eng Jugendentente machen, mat gemeinsamen Equipen  an Traineren an alle Kategorien.


Heimadder kënnen Equipen an de Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins, Minimes, Scolaires, Cadets a Juniors opgestallt ginn, an d'Kanner a Jugendlech kënnen esou ënnert optimalen sportlëchen Bedingungen op den Terraiën zu Grevenmacher, Biwer a Berbourg trainéieren an hier Matcher spillen.


Vertrieder vum Comité an der Jugendkommissioun souwéi d'Traineren hunn dës Woch an 2 Versammlungen mat de Spiller an den Elteren, déi nei Entente präsentéiert an an all wichteg Informatiounen weiderginn.


De Comité vum FC Berdenia Berbourg ass zefridden iwwert dës Entwécklung, déi virun allem deene jonke Spiller hier Méiglechkeeten Freed a Spass um Fussball ze hunn, an sech sportlëch weider ze entwéckelen, déitlech verbessert.


De Comité seet deene Léit Merci, déi sech agesât hunn, fir dës Entente op d'Been ze brengen, a wënscht deene jonke Spiller an hieren Traineren vill Chance an der kommender Saison.







Share |