Weider Rekrutementer a Verlängerungen beim FC Berdenia Berbourg

Am leschte Wanter bei eis gewiesselt, dréit den Achmed Boussi och dei nächst Saison weiderhinn eisen Trikot.
 

Den Jannick Stommes, dee vun Rosport ausgeléint war, bleiwt eisem Veräin och nach ee weidert Joer trei.

 

Fir eis Offensive kennt e Spiller bei eis, dee virun 12 Joer schon eng Kéier eis Faarwen gedroeë huet, allerdengs deemols just fir 6 Méint. De mëttlerweil 28 Joer aalen Patrick Schneider kënnt aus Däitschland bei eis, fir eisen Stuerm ze beliewen.

 

Een weideren Stiermer kennt vum FC Victoria Rosport: Den Tom Freitas (20) kréien mer ee Joer laang vum BGL League Vertrieder ausgeleint.

 

Vu Rosport kennt e weideren jonken Spiller deen am offensiven Mëttelfeld doheem ass. De Kevin Lopes (20) wiesselt och fir ee Joer bei eis op Berbuerg.

 

Desweideren huet de Pol Crelo seng Lizenz rëm zréck op Berbuerg transferéiert. 

 

All eis nei Spiller heesche mir häerzlech wellkomm an wënschen hinnen eng erfollegräich Saison.

 

Share |