Kings of Penalty 2015 war en décken Succès

Och déi 7. Editioun vum "Kings of Penalty" war e  Riesenerfolleg, mat 86 ageschriwenen Equipen  konnte mir och dëst Jâr en neien Rekord verzeechnen.

 

Den 1. Präiss, 6 Terra Pads gesponsort vun der Firma Eye-T vu Manternach sinn un d'Equipe "Fassungslos Pakistan" gangen, sie si schons zanter ville Jâren um Penalty derbäi, an hu sech dësen 1. Präis  och verdéngt.

 

Ganz vill Léit waren och schons Freides béim kulturellen Deel vum Penalty derbäi, mat der Bech-Berbourger Musek an  de Gruppen "Chickenhead" an "Timeless", déi béi beschtem Summerowend-Wierder fir eng phantastesch Stëmmung gesuergt hunn.

 

De Comité seet alle Léit Merci déi all Jâr dozou béidroën, dat dëse Mega-Event fir eise Veräin esou e grousse Succès ass. Dat sinn an éischter Linn d'Membren vun der Penaltyskommissioun, déi ëmmer ganz vill Aarbecht leeschten a super organiséiert sinn, well ouni sie géing dëst Fest nët stattfannen.

 

Awer och e Merci alle Sponsoren, an de Memberen a Frënn vum Veräin déi schons zanter ville Jâren derbäi sinn fir ze hëllefen, dat dëst Fest reibungslos iwwert d'Bühn geet.

 

En allerleschte Merci un eis vill Supporteren an Zuschauer déi d'ganz Jâr den FC Berdenia Berbourg ënnerstëtzen, an déi dô sinn, wéi déi lescht Wochen a Méint  am Kampf géint den Oofstieg, awer och bei eis feieren kommen, wéi dëse Weekend um Kings of Penalty 2015.

 

Ganz vill Photoën fannt Dir ënnert dësen 2 Linken hei um Site:

 

Warm-up Party

 

Penalty

 

 

Share |