Berdenia Berbourg: Déi éischt Transferten sinn an drëschenen Dicher

Mam Carlo Trierweiler als Trainer, assistéiert vum Dan Huss, konnt den FC Berdenia hier nei Traineren jo schon presentéieren. Lô sinn och déi éischt Neizougäng, a leider och  e puer Oofgäng ze vermellen.

 

Gewosst war, dass den Kevin Madeira an den Yannick Steffen un hieren Veräin, d’US Hostert, zeréckfaalen.

 

Déi schon am läschten Summer verabschied Spiller,  Dan Dias a Steve Lacroix, verloossen dann lô definitiv den Veräin, an zwar wäerten sie de Kader vun eisem Nôper, dem FC Jeunesse Biwer an der 2. Divisioun verstärken.

 

De Pit Speltz wiesselt nô 3 Joer zu Berbourg leider rëm zréck a säin Heemechtsveräin, d’Union Mertert/Wasserbillig.

 

Verloossen deet eis och de Peter Lauer, dien aus berufflechen Grënn leider Arbecht an Hobby nët ennert een Hut kritt an bei e Veräin am Saarland wiesselt, dien vun sengem Brudder trainéiert gëtt.

 

Hinnen allen soen mir VILLMOLS MERCI fir déi schéin Zäit a Merci fir den Asaatz, deen dir ëmmer un den Daag geluecht hutt.

 

Bonne Chance bei Ären neien Aufgaben an bleiwt gesond!

 

Lô awer zu eisen Neizougäng:

 

Aus der Juniorsequipe vum CS Grevenmacher-Union Mertert/Wasserbillig, déi an der 1.Klasse spillen an dei nach déi lescht Saison vun eisem neien Trainer betreit gouf, kommen direkt 3 talentéiert Spiller:

 

Noé Kohl (18), Haris Dzogovic (19) a Jerry Boever (17): Den Noé kënnt als Innenverteideger, den Haris an den Jerry sin éischter op den defensiven Aussebunnen doheem.

 

Als Verstärkung tëschend den Pottoen konnten mer den 20jähregen Goalkeeper Sam Faber  vun der Union Mertert/Wasserbillig engagéieren.

 

Vum SV Schleid aus Däitschland kennt den offensiv villsäiteg asetzbaren Marius Reiter (23) op Berbuerg.

 

Vum Bezirksligist SV Eintracht Dörbach kënnt den 25jähregen Julian Roderich. Den offensiven Mëttelfeldspiller, respektiv Stiermer wiert alles drusetzen, eist Offensivspill ze beliewen.

 

All eise Neien heeschen mer natierlech HÄRZLECH WELLKOMM an wënschen hinnen vill Spass an virun allem vill Erfolleg.


Weider Verhandlungen sinn nach am gaangen, a gin Iech op dëser Plaatz presentéiert, soubaal d’Tënt gedreschend ass.




Noé Kohl:

Haris Dzocovic:

Jerry Boever:

Marius Reiter:

Julian Roderich :

Carlo Trierweiler:

Share |