Aarbechten fir de Kings of Penalty 2015 sinn ugelaaf

Zanter gëschter schons ass eng tatkräfteg Equipe vun eisem Veräin amgangen de Penalty 2015 ze préparéieren. Béier a- Wäibudden ginn opgeriicht, eng grouss Grillkiichen dierf nët feelen, an d'Goaler fir d'Eelëfmeterschéissen stinn och schons.


Lass geet de Penalty 2015 schons muer Freideg 12.06.2015 um 19:00 mat engem flotten Concert vun der Becher-Berbourger Musek, duernô spillen d'Gruppen "Chickenhead" an "Timeless".


E Samsdeg ab 11:00 geet dann de Penalty 2015 mat iwwer 80 Equipen iwwert d'Bühn.


Verpasst ët nët déi 2 Deeg op Berbourg ze kommen, gutt Ambiance ass wéi all Jâr, garantéiert.

 

Share |