SCOLAIRES:  Vun der 5. an déi 3. Classe bannent enger Saison!  Méi geet net!  

ENTENTE  BERBOURG/BIWER  - ENTENTE ITZIG/WEILER   4:0  (2:0)


Eng delikat Décisioun huet virum Match schons misse getraff gin. Well just 16 Leit op de Bou dierfen , hu missen zwee fit Spiller kuerzfristeg ewech bleiwen. Grousst Kompliment heifir dem Sam WAINWRIGHT an dem Charel DUREL déi fräiwëlleg verzicht hunn!


Wichteg war et, déi néideg Punkten ze huelen um leschte Spilldag an do huet d’Equipe net vill ubrenne gelooss. Wat d’Passspill ugeet war et sëcher net berauschend mee dat soll dem Team verziee sin. Um  Enn zielt d’Resultat an dat war kloer.


D’Goaler fir déi aussergewéinlech Saison ôfzeschléissen  hun de Steven DOS SANTOS, Charel KREMER, Raffa ALMEIDA a Leandro LOPES geschoss.


Zum Schluss sief dem Comité Merci gesot fir hiere  schéine Geste als Unerkennung fir déi phantastesch Leeschtung vun der Equipe!


EQUIPE: Nick ASSEL – Jérôme KRING, Sam KONSBRÜCK, Joé BENNER, Damien  STEFFES – Raffa ALMEIDA –, Jim SCHANEN, , Glenn ARTOIS, Filipe PINTO, Leandro LOPES – Steven DOS SANTOS (c)


Reserve : Marco ERNSTER, Kevin INACIO, Yannick SCHROEDER, Charel KREMER a Philippe SCHMIT   

Net dobäi sin konnten de Charel DUREL a Sam WAINWRIGHT

Share |