Scolaires : Verdingten Erfolleg no enger geckeger 1. Halbzeit

Jeunesse Junglinster - Entente Berbourg/Biwer  3:4  (3:3)

 

Am viirleschte Match vun der Saison, wou déi éischt 35 Minutten ganz kuriéis waren, koumen weider 3 Punkten op de Kont vun der Equipe. Den Erfolleg war opgrond vum onermiddlechen Asatz, virun allem an der 2. Halbzeit, och verdingt.


D’Equipe huet sech ganz schwéier gedoen an der 1. Halbzeit nodeem feststoung, dat si huet missen géint d’Loft spillen. Déi war deelweis esou staark dat si de Match ganz kloer beaflosst huet.


No der Paus, wou déi Orange/Schwaarz dunn d’Loft am Réck haten, goung et besser. Vill Goalchancen goufen sech erausgespillt, an eng dovun huet de Raffa ALMEIDA konnte notzen.


Deem virausgaangen, sinn 2 Goaler vum Steven DOS SANTOS an een vum Yannick SCHROEDER.


Net alldeeglech war den 2:1 vun der Heeméquipe: nodeem eng Aktioun vun eisem Team ofgepaff gouf, well ee vun hiere Spiller verletzt war, hunn déi Lënster eis de Ball dônô duerch d’Luut zereckgespillt, dee gouf awer vun der Loft esou beaflosst dat deen iwert dem Nick Assel am Netz geland ass.


Beim fällegen Ustouss ass dônô d’Heeméquipe nët un de Ball gaangen, esou dat den 2:2 ouni Géigewier vun deene Jonglënster gefall ass. Deemno grousse Fairplay vun der Lënster Equipe déi bis gëschter och nach Chancen haat opzesteigen!


Fir eisen Opstieg, mir hu momentan 19 Punkten, definitiv sëcher ze maachen ouni op d’Resultat vum Match Bieles (20 Punkten) - Sandweiler(16 Punkten) ze spekuléieren, feelt eis am leschte Match e Samsdeg doheem um 16.30 géint d’Entente Itzig/Weiler nach 1 Punkt. Bei engem Erfolleg an enger Néierlag vu Bieles ass di 1. Plaz och nach méiglech.


Equipe : Nick ASSEL - Jérôme KRING (C), Joé BENNER, Sam KONSBRÜCK, Charel KREMER - Raffa ALMEIDA - Leondro LOPES, Filipe PINTO, Steven DOS SANTOS, Glenn ARTOIS - Yannick SCHROEDER


Reserve : Sam WAINWRIGHT, Kevin INACIO a Jim SCHANEN


Gefehlt hun : Damien STEFFES (verletzt), Philippe SCHMIT, Marco ERNSTER a Charel DUREL

 

 

Share |