Berbourg II wiert sech nët a verléiert

AS Wincrange II - FC Berdenia Berbourg II  5:0 (1: 0)


Dei éischt Halbzeit wor nach an der Réih, béid Equipen haaten nët esou richteg Loscht, woubäi déi Wëntger en Tick méi Réussite haaten, an den 1:0 markéiere konnten.


Déi zweet Halbzeit hätr een sollen mengen dat déi Berbuerger sech nach rappen géingen fir de Match ze dréinen, dee Schoss sollt awer no hannen lassgoen. Dei Wëntger konnten nô Loscht a  Laun hier Spillaktiounen durchféieren ouni Géigewier, an sou koum et zu enger verdéngter 5:0 Victoire fir d'Hausherren.


E grousse Merci un de Bob Schrantz, dien en dernière minute agesprong, ass an als Cadet domat säin éischten Seniors-Match absolvéiert huet.


Fazit: Desolaten Optrëtt, vun deenen Berbuerger, déi duerch Disziplinlosegkeet a Mangel un Asaatz och de letzte Match verléieren.


Kader: Schrantz Bob, Schrantz Max, Schommer Wenzel, Hoffmann Claude (30. Hoscheid Serge), Chennaux Pit, Petry Fabi, Wagner Michael, Kaufmann Manuel (C), Thill Alex (65. Frondizi Eric), Vetter Flo, Oswald Jérôme

Share |