Changement op der Berbuerger Trainerbank: Carlo Trierweiler an Dan Huss iwwerhuelen d'Seniors 1

D'Recrutementer fir d'Saison 2015/2016 sinn nach voll um Laafen, den FC Berdenia Berbourg ass awer houffreg elo schons kënnen hieren neien Trainerduo ze presentéieren.

 

Nôdiems eis 1. Equipe sech nô enger langer an intensiver Saison in extremis duerch de Barragematch konnt an der 1. Divisioun haalen, hunn eis 2 Trainer, den Tom Hubert an de Gil Cajao beschloss dat si aus perséinleche Grënn nët méi weilten weiderfueren.


Neien staarken Mann op eiser Trainerbänk gëtt de Carlo Trierweiler.
De Carlo huet jôrelaang béim CS Grevenmacher am Veräin geschafft, hien war ënner aanerem Co-Trainer vun der 1. Equipe, an huet d’Juniorséquipe an der héchster Klass trainéiert. 
 
Assistéiert gët hien dobäi vun eisem bisheeregen 1. Equipesspiller Dan Huss. Den Dan wäert verletzungsbedingt mat seng aktiver Carrière ophaalen, an den FC Berdenia Berbourg ass frou, dat hien eisem Veräin erhaalen bleiwt, a bei eis seng éischt Schrëtt an der Trainercarrière wôt..

Dem Tom Hubert, an dem Gil Cajao e grousse Merci fir hier exzellent Aarbecht fir eise Veräin als Trainer vun de Seniors 1. Sie hunn eis 1. Equipe nôm 7. Spilldaag vum Marc Wengler iwerholl, an hu mat hirer viller an akribescher Aarbecht e ganz groussen Deel zu dësem Klassenerhalt bäigedroen. Mat hierem onermittlechen Asaatz hu sie wierklech Grousses geleescht! Villmols Merci!

Dem Carlo an dem Dan, bonne chance an hieren neien Aufgaben. 

Share |