Berbuerg dierf sëch feieren

Barragematch zu Mensdorf:

FC Berdenia Berbourg - Red/Black Egalité 07 1:0 (1:0)

Virun androcksvoller Kulisse vun 735 "spectateurs payants" am Stade "op Birk" zu Mensdorf, konnten sech déi Berbuerger mam knappsten vun allen Resultater behaapten an gläichzäiteg eng Fauschtregel vun den Barragematcher ausser Kraaft setzen: Déi Equipe, déi vun ënnen kënnt, kann sech eben NET ëmmer duerchsetzen.

Berbuerg war de ganzen Match iwwer ganz kloer den Här am Haus an haten sech no den éischten nervösen 20 Minutten dann och lues awer secher gutt Chancen rausgespillt. Beschten Chance hat de Peter Lauer an der 31.Minutt, wéi en aus 20 Meter Volley oofzitt an den Keeper vun 2.-Divisionist zu enger Glanzparad forcéiert.

De Goal vum Match fällt an der 39. Minutt. Den Daniel Contrino spillt de Ball op de Kevin Madeira an d'Mëtt, deen zitt flaach vun der Stroofraumlinn an de laangen Eck oof an markéiert soumatt säin 11.Goal fir dei Berbuerger.

Nôm Pausentéi hunn eis Jongen sech Chancen iwwert Chancen
rausgespillt, konnten den Saak awer net zou maachen an hun déi vill Supporteren bibberen gelooss, bis dann endlech an der 95. oofgepaff gouf.

Eng schwéier Saison as op en Enn komm. Duerch Teamgeescht, Asaatz a virun allem vill Schweess hunn eis Jongen sëch dëse Klassenerhalt reedlech verdéngt, an kënnen lo endlech an déi héich verdengten Summerpaus.

En ausféierlechen Photoreportage iwwert dëse wichtege Match, fannt Dir an den nächsten Deeg op eisem Site.

D'Wort huet follgenden détailléierten Bericht op sengem Internetsite publizéiert:


Retter: Hristov - Benner, Weidert (C), Dias, Petry - Boussi, Lauer (81.Dias Ramada), Lacroix, Speltz (70. Le Conte), Contrino (88.Frank) - Madeira
Réserve: Bossers, Kaufmann, Dias Ramada, Le Conte, Frank

Nët dobäi: Becker, Huss, Stommes, Vetter, Schuster, Thies, Ruppert, Wagner, Steffen

Kommentar schreiben

Kommentare: 0
Share |