Zesumme packen mer ët!

En Donneschdeg, den 28.05.2015 um 19:30 Auer spillt eis 1. Equipe zu Mensdorf e Barragematch géint den Red-Black Egalité 07.

Et geet ëm ganz vill fir eise Veräin an dësem Match,  an zwar dat mir och weiderhinn kënnen an.der 1.Divisioun spillen.


Fir dëse Barragenmatch zu engem Heemmatch ze maachen, stellt de Comité vum FC Berdenia Berbourg sengen treien Supporter e gratis Bus op Mensduerf an zréck zur Verfügung.
 
Départ as um 18:30 zu Berbuerg am Rond-Point beim Stade Rénert, nô 22:00 Auer si mer erëm zréck zu Berbourg. 

Duerfir en Opruff un eis vill Supporter d'Equipe zu Mensdorf ze ënnerstëtzen, a mam Berdenia-Fan-Bus op de Match ze kommem

Allez dei Orange, all zesummen fir d' 1.Divisioun !!! 
Share |