Berbourg I gewënnt verdéngt zu Jonglënster a ka sech an de Barragematch retten

FC Jeunesse Junglinster - FC Berdenia Berbourg 1:3 (0:1)

Am leschten Championnatsmatch vun der Saison konnten sech eis Jongen duerch eegen Kraaft an de Barragematch retten. Gewinnt vill Berbourger Supporter, hu wéi ëmmer wa mir zu Jonglënster spillen, den Auswärtsmatch zum Heemmatch gemaach.

Eis Jongen hu nervös ugefaangen an haaten direkt an der 2.Minutt Chance, wei Jonglënster een Kappball un d'Laat setzt. An der 14.Minutt koumen se zu enger weiderer Chance, mee den Georgi Hristov am Goal, konnt den Ball nach sou just em den Potto deviéieren.

Et war den Achmed Boussi, deen an der 18.Minutt den 0:1 markéieren konnt. De Ball gouf zweemol an d'Déiwt verlängert an den "Ari" konnt 2 Verteideger stoe loossen éier hien äiskaal an den kuerzen Eck rasetzt.

Berbuerg haat vun do un, den Zepter an der Hand, mee konnt 2 weider gutt Geleeënheeten (26.Lauer, 38.Madeira) nët notzen.

No der Paus war et den Dan Dias, deen direkt an der 47.Minutt no engem Corner am schnellsten reagéiert an zur 0:2 Féierung am Gewulls trefft. 

Den erléisenden 0:3 fällt an der 54.Minutt: De Kevin Madeira geet iwert riets an den Stroofraum, sicht den Oofschloss, mee de Lënster Keeper konnt oofwieren. Allerdengs fällt den Ball dem Boussi genau virun d'Féiss, deen ouni ze zécken markéiert. Direkt am Géigenzuch fällt den Uschlosstreffer fir d'Haushären.

E puer klenger Chancen goufen et nach op beiden Saiten, mee et sollt beim 1:3 fir döi Gutt bleiwen.

Nôdiems mer d'Resultater vun deenen aaneren Matcher gewuer gi sinn, war dunn séier kloer: Mir hunn eis de Barragenmatch ges!echert.

Groussen Kampf Jongen, super Asaatz! All Respekt fir d'Jongen an hier Traineren . Lo hu mer et rëm selwer an der Hand!

De Barragenmatch gëtt direkt den Donneschten, 28 Mee 2015 géint de Red-Black/Egalité 07 Paafendaal/Weimerskirch.gespillt.

Wou an wéini genau, wësse mer nach nët, mir machen awer och elo schons en Opruff un eis vill gutt an tréi Supporteren sech dësen Owend fräi ze haalen, an eis Equipe esou fantastesch ënnertstëtzen ze kommen, wéi gëschter zu Jonglënster an och soss d'ganz Saison.   

Allez Jongen, eng lëschten Kéier Vollgas ginn, zesummen pâken mir dat.

FCBB: Hristov - Petry, Weidert, Dias, Benner - Boussi, Speltz, Lauer, Lacroix (85. Frank), Contrino (64. Stommes) - Madeira (90. Thies)
Réserve: Bossers, Stommes, Frank, Thies, Dias Ramada

Net dobäi: Becker, Huss, Le Conte, Kaufmann, Vetter, Ruppert, Schuster, Wagner, Steffen
Share |