Berbourg I: Last-Minute Punkt am leschten Heemmatch  

FC Berdenia Berbourg - Alliance Aischdall Hobscheid/Eischen 1:1 (0:1)

 

Am leschten Heemmach vun der Saison konnten eis Jongen sech, duerch eng kämpferesch exzellent 2.Halschent, ee Punkt an leschter Sekonn erkämpfen an sech domat an eng besser Ausgangspositioun an der Finall am Oofstiegskrimi nächsten Samsden zu Jonglenster brengen.

 

An der 1.Halschent, waren et einfach eis Gäscht, dei spillbestemmend waren, as et fir sie jo och nach em dei lescht theoretesch Chance fir den Opstieg gaangen. Ze nervös an ze zaghaft waren dei Berbuerger an sou konnt d'Alliance an der 15. Minutt, duerch ee schéin rausgespillten Goal an Féierung goen.

 

2 Minutten drop eng Geleenheet op Berbuerger Säit, mee d'Verteidegung konnt klären.

An der 24. Minutt hätten eis Gäscht den 0:2 eigentlech missten markéieren, mee eng 3fach Chance konnten se net notzen. 2 méi kleng Chancen op Berbuerger Säit duerch e Fräistouss vum Achmed Boussi, an e Schoss iwwert de Goal vum Daniel Contrino waren dei läscht Beméihungen virun der Paus fir d'Haushären. Eng weider Grousschance haat d'Alliance an der 41.Minutt mee eisen Daniel Becker konnt gutt paréieren, ier den Nôschoss laanscht geet.

 

Nô der Pause koumen dei Berbuerger méi aggressif a kämpferesch aus der Kabinn. Sie hun die Aischdaller mei ënner Drock gesaat, a sou koum et zu engem Kampf mat oppenem Viséier. Beschten Chance haat den Peter Lauer an der 56.Minutt, wei een Volleyschoss vun him exzellent vum géignereschen Keeper paréiert ginn ass. Weider grouss Chancen bloufen op béiden Säiten ongenotzt, a sou huet Berbourg zum Schluss, alles no fier gehäit, wat se haaten, mat Erfolleg: An der 92.Minutt war et eisen Dan Huss, deen per Kappball zum erleisenden 1-1 erasetzt.

 

Domat awer net genuch: Direkt drop haaten Boussi, Huss a Frank d'Geleeënheet nach zur Féierung ranzesetzen, mee den Ball as liichtfankeg an engem 3 géint 2 Konter verspillt ginn.

 

Lo geet et am läschten Match bei eisen Frënn zu Jonglënster em ALLES ODER NAISCHT, wou d‘Finale fir de Klassenerhalt e Samsden, 23.05.2015 um 16:00 am Stade zu Jonglenster gespillt gëtt. Kommt nach eng Kéier eis Jongen ënnerstetzen, sie wäerten Alles ginn, an drusetzen fir an der Divisioun ze bleiwen.

 

FCBB: Becker - Benner, Lacroix (86.Frank), Weidert (C), Petry - Contrino (83.Kaufmann), Speltz (59.Huss), Le Conte, Boussi - Madeira, Lauer

Réserve: Hristov, Huss, Kaufmann, Frank, Thies

 

Net dobäi: Dias Ramada, Stommes, Dias, Ruppert, Schuster, Wagner, Steffen

 

 

Share |