SCOLAIRES: Ganz grousse Kampf!

ENTENTE  BERBOURG/BIWER - ENTENTE MONDORF/SCHENGEN  2:1 (1:0)


Ouni  „5“, dovun 3 Stammspiller, huet d’Equipe eemol méi e bewonnerswerten Asaatz gewiesen a verdingt 3 Punkten zu Berbuerg behaalen.


Spillerech huet eist Team eë schons des öfteren besser gemaach, mee a Punkto Asaatz a Kampf geet ët nët besser. Déi Orange/Schwaarz hunn, ënnert dem Impuls vun hierem Kapitän, sech eng Reih vu Chancen erausgespillt, an eng dovu konnt de Leandro LOPES virun der Paus notzen.


Nom Téi ass op eng onglëcklech Manéier den Ausgläich fir déi Munnerefer gefall, mee schliesslech ass déi Equipe, déi déitlech méi vum Spill hat, zum verdingten Erfolleg komm kuerz viru Schluss.


Dee ganz wichtege Goal zum 2:1 huet de Raffa ALMEIDA, dee praktesch déi ganz 2. Halbzeit mat Pëng weidergespillt huet, geschoss.


E ganz wichtegen „Dréier“ op eisem Wee ouni vill Glanz, mee wéi schons erwähnt mat engem enormen Wëllen ze gewannen.


Dat brengt just déi Equipe dô färdeg!


Kompliment eemol méi un eis „Nummer 1“  vun dësem Spilldag fir séin fehlerfréien Asatz !


Merci och de Kolleegen Nick, Jérôme a Filipe déi hier Equipe trotz Verletzung ënnerstëtzt hun.

 

EQUIPE : Sam KONSBRÜCK– Charel KREMER, Damien  STEFFES, Joé BENNER, Kevin INACIO – Raffa ALMEIDA –, Jim SCHANEN, Steven DOS SANTOS ©, Glenn ARTOIS, Leandro LOPES – Yannick SCHROEDER.


Reserve : Marco ERNSTER a Philippe SCHMIT   


Gefehlt hun Nick ASSEL,  Jérôme KRING, Filipe PINTO (alleguer verletzt), Charel DUREL a Sam WAINWRIGHT

Share |