Kommt eis Seniors 1 doheem am Oofstiegskampf ënnerstëtzen

E ganz wichtegen Match am Kampf géint den Oofstieg spillt eis 1. Equipe dëse Sondeg, 17.05.2015 um 16:00 Auer doheem am Stade Renert géint d'Alliance Äischdall Hobscheid-Eischen.

 

Eis Spiller mussen dëse Match géint den Tabellendrëtten mat ganz vill Konzentratioun, Asaatz a Kampgeescht ugoën, a weisen, wéi an der Vergangenheet, dat sie doheem géint méi héich platzéiert Equipen kënne ganz stark sinn, an hiere Match gewannen. 

 

Mir maachen awer och e warmen Appell un all Frënn a Supporteren op dësem leschten Heemmatch, d'Equipe nach eng Kéier ënnertstëtzen ze kommen. Jiddfereen vun Iech ass den 12.Mann, a kann eiser Equipe, an dëser Situatioun, eng ganz wichteg Ënnertsëtzung ginn.

 

 

Share |