SCOLAIRES: Onerwaarte Rëckschlag am Kampf ëm den Opstieg

US SANDWEILER  -  ENTENTE  BERBOURG/BIWER   4:2 (3:2)


D‘Equipe war di éischt 20 Minutten komplett niewt der Spuer, a louch zu deem Ament schons 3:0 hannen.  Trotz Warnung an der Vestiaire, de Géigner net ze ënnerschätzen a mat der néideger Astellung de Match unzegoen, huet virun allem d’Agressivitéit gefehlt am Ufank vum Match.


Duerch zwee Goaler op Eelëfmeter vum Yannick SCHROEDER a vum Leandro LOPES kuerz virum Téi koum berechtegterweis nees Hoffnung op. Nô der Paus hunn déi Orange/Schwaarz sech eng Reih gutt Goalchancen erausgespillt, mee  all Kéier waren et entweder e Fouss vun der Verteidegung, respektiv eng gutt Reaktioun vum Keeper déi den Ausgläich verhënnert hunn.


Schliesslech huet d’US Sandweiler eng Konterchance propper ausgespillt a koum net onverdingt zum ganzen Asaatz.


d’Saisonziel bleiwt trotz dësem „faux pas“ weiderhin bestoen; déi Equipe do waert de nächste Match sëcher nees alles drusetzen fir déi néideg Punkten ze sammlen.


EQUIPE : Nick ASSEL – Jérôme KRING (C),  Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS, Charel KREMER,– Joé BENNER –Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Raffa ALMEIDA – Yannick SCHROEDER.


Reserve :  Charel DUREL, Philippe SCHMIT , Kevin INACIO a Sam KONSBRÜCK


Gefehlt hun Marco ERNSTER, Jim SCHANEN a Sam WAINWRIGHT  

Share |