Berbourg I: Réckschlag am Endspurt

FC Schifflange 95 - FC Berdenia Berbourg 3:1 (1:1)

Gutt ugefangen hunn  déi Berbuerger, wéi sie duerch ee flott rausgespillten Ugrëff iwert Huss a Boussi, duerch de Kevin Madeira per Kappball schon an der 3. Minutt a Féierung gaangen sin. Déi Schefflenger hu sech awer guer net beandrocken gelooss a koumen an der 10.Minutt duerch e Fräistouss an den Wenkel zum Ausgläich. Weider gréisser Chancen sollten béid Equipen nët notzen. 

Gréissten Chance haaten dei Bebuerger kuerz virun der Paus, wei den Dan Huss leng op den Goal gaangen ass, säi Schoss mam Aussenrest awer ëm Zentimeter den Goal verfehlt.

No der Paus hunn déi Schefflenger opgedréiht a koumen zu richteg gudden Chancen, dei se nët notzen konnten, oder déi vum gutt opgeluechtenem Daniel Becker am Goal verhënnert goufen. (57., 59. an 68. Minutt). 

De Boussi haat an der 72. Minutt d'Féierung um Fouss, mee säi Schoss geet ëm Zentimeter laanscht de Potto. Sekonnen drop war den Boussi rëm duerch a konnt zreck op den Huss lee, mee deem säi Schoss geet driwer. An der beschter Drangphase vu Berbourg, gouf et eng Chance nô der aanerer, mee notzen konnten mer leider keng.

Kaal Dusch dunn an der 83.Minutt: Am Opbau verléieren mer op 20 Meter de Ball an den Schefflenger Spiller  konnt eis Verteidegung ausdribbelen an géint de Laaf vum Keeper zur 2:1 Féierung rasetzen. An der 86. Minutt sollt e weideren Dribbling mat Ofschloss d'Endresultat zum 3:1 hierstellen.

Batter Défaite am Schlussspurt vun der Saison...et wier souguer mei dragewiescht.

Lô gëllt et einfach an den 2 leschte Matcher alles rauszehuelen, fir des turbulent Saison nach ze retten.

Leschten Heemmatch as nächste Sonnden um 16:00 geint d'Alliance Habscht/Aischen. Kommt all eis Männer mat allem waat der hutt ënnerstëtzen.

FCBB: Becker - Petry, Weidert (C), Lacroix, Benner - Boussi (88.Kaufmann), Le Conte, Stommes, Contrino (88. Thies) - Huss (75. Frank), Madeira

Réserve: Hristov, Frank, Thies, Kaufmann, Vetter

Net dôbäi: Dias Ramada, Speltz, Dias, Lauer, Schuster, Wagner, Ruppert, Steffen

Share |