Berbourg I dominéiert géint Weiler a wënnt héichverdéngt

FC Berdenia Berbourg  I - Yellow-Boys Weiler I 4:0 (2:0)

Bei Dauerreen an op déiwem Terrain konnten eis Jongen duerch hieren exemplareschen Asaatz eng weider Köier iwwerzeegen an den Tabellendrëtten stierzen.

An der eischter Halschent waren béid Equipen beméiht, Fehler um naassen Terrain ze évitéieren an ët war den Daniel Contrino, deen an der 12. Minutt dovunner konnt profitéieren, dat bei engem laangen Ball, de Weiler Verteideger wegrutscht an sou souverän am 1 géint 1 géint de Keeper zum 1:0 rasetzen konnt.

Nodeems d'Yellow-Boys eng Grousschance an der 19. Minutt leien gelooss hun war et rem un de Berbuerger: Den Achmed Boussi geet iwer riets duerch an spillt den Ball flaach an d'Mëtt. De Contrino léisst duerch an de Peter Lauer setzt den Ball géint de Laaf vum Keeper zum 2:0 ran. Läscht Chance am eischten Duerchgang war fir Weiler, mee den Daniel Becker konnt deen gudden Schoss secher pareieren.

Direkt nô der Paus war et de Lauer deen alles hätt könne kloer maachen, mee säi Kappball no engem Corner, verfeelt de Wenkel nëmmen ëm Zentimeter.

Sou huet et bis zur 65.Minutt gedauert, wéi de Boussi konnt een Duercherneen an der Weiler Verteidegung ausnotzen an zur erléisender Virentscheedung, dem 3:0, konnt markéieren.

Kuerz drop haaten mer Chance, wéi déi Weiler ee geféierlechen Ugrëff just op den Potto setzen konnten. D'Endresultat stellt den Boussi an der 71. hier, wei e Fräistouss vun him vun der Säit vun engem Weiler Spiller an den eegene Goal dirigéiert ginn ass.

Daat läscht Opbeemen vun Weiler entschärft den Becker an engem 1 géint 1 an der 74.Minutt.

Ee weideren Berbuerger Goal vum agewiesselten Christophe Frank gouf an der 78.Minutt duerch Abseits ooferkannt, nodeems e Fräistouss vum Boussi vum Potto zréck op den Terrain gesprong ass.

Kuerz viru Schluss dann nach manner schéin Szenen: Den Daniel Dias, get op brutalst Art a Weis vun engem Weiler Spiller ëmgetackelt, dee sech dunn selwer nët méi am Grëff haat, an dem Spiller un d'Guergel gaangen as. No villem Duercherneen fléihen schlussendlech béid Spiller mat Roud vum Stéck.

Zweifellos eng vun deen beschten Leeschtungen dës Saison. Et ass schéin ze gesinn, zu waat d'Jongen fäheg sinn, wann se all un engem Strang zeihen. Nëmmen sou kennen mer et packen Männer!

Nächsten Match as schon kommenden Freiden 8.Mee 2015, wou mer um 20:00 Auer probéieren eis zu Schëffleng Loft am Oofstiegskampf ze verschaafen.

FCBB: Becker - Petry, Weidert (C), Dias, Benner (79.Kaufmann) - Boussi (86.Schuster), Stommes, Le Conte, Lauer, Contrino - Huss (70. Frank)

Réserve: Hristov, Frank, Kaufmann, Schuster, Lacroix

Net dobäi: Dias Ramada, Speltz, Madeira, Thies, Vetter, Ruppert, Steffen, Wagner

Share |