SCOLAIRES: Dee villen Opwand beim Tabellenéischten gouf nët belount!  

FC BIELES  -  ENTENTE  BERBOURG/BIWER   0:0


D’Equipe huet eng weider gutt kollektiv Leeschtung bruecht beim Leader vu Bieles. Vill Asaatz, flott Spillkombinatiounen, mee leider keng Goaler hunn déi vill Zuschauer gesin. Déi Orange/Schwaarz haten iwert de ganze Match gekuckt déi meechte Goalchancen an hun och méi probéiert ewéi d’Heeméquipe aus dem Süden.


An der 1. Halbzeit ware mir zweemol geféierlech bei Corneren a mat engem schéine Wäitschoss. D’Heeméquipe huet just eemol fir Gefôr gesuergt mat  engem Fräistouss, dee konnt de Nick ASSEL awer aus dem Wënkel fëschen.


Déi zweet 35 Minutten konnte mir eis weider gudd Goalchancen erausspillen. En herrlechen Schoss aus der Dréiung vum Steven DOS SANTOS ass um Potto gelant, de Yannick SCHROEDER an de Sam WAINWRIGHT si  mat gudde Schëss um Goalkeeper hänke bliwen. Déi gréisste Chance haat de Filipe PINTO, mee séi Schoss ass knapp laanscht de Goal gaangen.


D’Equipe, déi ganz disziplinéiert gespillt huet, huet alles probéiert a méi investéiert wéi de Géigner, mee et war hier leider net gegonnt déi 3 Punkten mat Heem ze huelen!

 

EQUIPE : Nick ASSEL – Jérôme KRING ©,  Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS, Charel KREMER,– Joé BENNER –Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Yannick SCHROEDER – Raffa ALMEIDA.

Reserve : Sam WAINWRIGHT,  Kevin INACIO a Sam KONSBRÜCK

Nët derbäi: Marco ERNSTER, Jim SCHANEN,  Charel DUREL, Philippe SCHMIT   

Share |