Berbourg II verléiert géint Lintgen II

F.C. Minerva Lintgen II - F.C. Berdenia Berbourg II  5:3 (4:0)


Dei Lëntgener hun vun der 1er Minut uns immensen Drock ausgeübt an hunn deene Berbuerger en héigen Laafpensum ofverlangt. An der 20. Minutt ass et deenen Lëntgener gelong den 1:0 ze fannen a mat dëser Kadenz ass et an deene nächsten Minuten och weidergaang, sou dass et an der Halbzäit 4:0 fir d'Haushären stoung.


Déi Berbuerger hun des Pause genotzt fir sech ze sammelen a sinn déi 2. Halschent mat enger besserer Taktik an enger ganz annerer Kierpersproch ugetrueden. Sou ass et hinnen dunn och direkt gelong an der 55. Minut den 4-1 per Kappball vum Dahm Yves ze markéieren. Nemmen 5 Minuten drop konnt den Speltz Pit iwwert eng Kombination duerch Frondizi Eric a Wagner Michael zum 4:2 verkierzen. An der 73. Minutt konnt den Wagner Michael, deen den 4:2 schons virbereed haat, dunn selwer den 3 Goal fir déi Berbuerger schéissen. 


Ab deem Moment woren dei Lëntgener sou nervös, dat net mei vill nô fir gaang ass an dei Berbuerger kruten eng Gelegenheet no der anerer. 

Dunn, an der 87. den iwwerraschenden K.O. duerch e Fehler vun der Berbuerger Ofwier, deen déi Lëntgener notzen konnten fir dei 3 Punkten zu Lëntgen ze haalen.


Fazit: Spannenden Match, woubéi eng Berbuerger Equipe vill Moral an Ansaatz gewisen huet fir der beschter Défense aus der 2ter Divisioun 3 Goaler an enger Halschent ze schéissen an nô engem 4:0 Réckstand, nach bal un de Punktgewënn erukomm wor.


Equipe: Hristov Georgi, Hoscheid Serge, Schrantz Max, Hoffmann Claude (50. Meyers Géry), Chennaux Pit, Frondizi Eric, Dahm Yves, Speltz Pit, Wagner Michael, Schommer Wenzel (45. Oswald Jérôme), Raths Max (45. Weicker Germain).


Share |