Berbourg I: Keng Goaler am Spill géint den direkten Konkurrent

Sporting Bertrange – FC Berdenia Berbourg 0:0.

 

Op engem Terrain, dee just mat vill Phantasie an Humor als Solchen ka bezeechent ginn, konnten sech eis Jongen, duerch divers Ausfäll staark deziméiert, e 0:0 erkämpfen, an soumadder e wichtegen Punkt géint den Oofstieg mat heem huelen.

 

Gutt Chancen goufen et op béiden Säiten, déi beschten an der 3. an 24. Minutt fir Bartreng, wei e Schoss knapp derlaanscht geet, respektiv e Kappball no engem Corner just d’Aussennetz trefft. Beschten Berbuerger Chance an der 1. Halschent haat den Kevin Madeira an der 14.Minutt, wei de Peter Lauer de Ball dem Achmed Boussi iwwer riets an den Laaf schéckt, an deem seng Flank de Madeira knapp iwert de Goal käppt.

 

An der 2.Halschent goufen et gréisser Chancen op beiden Säiten, all Kéier woussten d’Keeperen respektiv den Terrain d'Goaler ze verhënneren. Beschte Chancen hei an der 60. Minutt fir d’Haushären, wéi den Daniel Becker in extremis super hällt an op der aanerer Sait, 10 Minutten drop, wei den Bartrenger Keeper iwwerragend e Schoss vum Boussi am 1 géint 1 oofwiert.

 

D’Chance vum Match haaten dei Berbuerger an der 78.Minutt, wei den Boussi den Ball en retrait an d’Mëtt op den Daniel Contrino leet, deen den Ball leider net kann am Filet ënnerbrengen.

 

Alles an Allem eng gudd kämpferesch Leeschtung an engem Match wou béid Säiten hätten kéinten gewannen. Déi Orange hu gewiesen, dat se kämpfen kënnen an nëmmen sou geet et och an deenen nächsten Wochen. Nach 4 Matcher Vollgas, nët nôloossen Männer!!!

 

Nächsten Sonnden geet et géint den Tabellendrëtten, eis Kollegen vun Weiler-la-Tour. Gespillt get um 16:00 Auer am Stade Rénert zu Berbourg.

 

Nach e Merci un de Norbert Benner, dien eis ëmmer flott Photoën fir op onse Site zur Verfügung stellt.


FCBB: Becker – Benner, Petry, Weidert ©, Vetter – Contrino (81.Huss), Lauer (90+5 Frank), Stommes, Le Conte, Boussi – Madeira (88.Kaufmann)

Réserve: Hristov, Huss, Kaufmann, Frank, (Dias Ramada)

Net dobäi: Thies, Dias, Lacroix, Speltz, Ruppert, Wagner, Schuster, Steffen 

Share |