SCOLAIRES: Eng gutt 1. Halbzäit ass duergaangen!

ENTENTE  BERBOURG/BIWER - JEUNESSE  JUNGLINSTER  7:3  (5:1)

 

Nôm leschten, wéineg iwerzeegenden, Championnatsmatch an nô enger nët optimaler Trainingswoch huet d’Equipe eemol méi hir Solidaritéit gewisen an géint de Nôper vu Jonglënster d’Äntwert um Terrain ginn.

 

Et war eng méi wéi korrekt Leeschtung an deenen éischten 35 Minutten wou de Match schons décidéiert war. Net béiss kann et dem Team sinn, fir déi manner gutt 2. Halbzäit, wou ëmmerhinn nach 2 weider Goaler markéiert goufen.

 

Et geséit een dat déi Equipe schons zenter Joeren zesummespillt, wou ee fir deen anere bereet ass ze kämpfen wann et erfuerdert ass, an d’Consignen vun hieren Traineren, déi dat iwwer Joeren schons mat vill Emotiounen a Asatz maachen, esou gutt wéi méiglech emzesetzen.

 

All eenzelne Spiller MERCI fir dee gudden Asatz! Mir si keen Team um Pabéier!

 

 

D’Goaler hu geschoss: Steven DOS SANTOS (3), Leandro LOPES (2) a Raffa ALMEIDA (2)

 

EQUIPE : Nick ASSEL – Jérôme KRING (C)  Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS, Charel KREMER,– Joé BENNER –Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Yannick SCHROEDER – Raffa ALMEIDA.

 

Reserve : Sam WAINWRIGHT, Charel DUREL, Jim SCHANEN,  Kevin INACIO.

 

Gefehlt hun Marco ERNSTER a Sam KONSBRÜCK (verletzt)   

 

Share |