Berbourg II gewënnt mat vill Asaatz den Derby géint den US Berdorf/Consdorf 01 II

FC Berdenia Berbourg II - USBC 01 II 4:3 (3:2)

Déi Berbuerger erwëschen de besseren Start an kennen nô 5 Minuten schon mat 1:0 durch den Vetter Florian an Féierung goën. Kuerz drop haat den Frank Christophe d'Chance op 2:0 ze erheigen, leider ouni Erfollëg. Dunn wor d'Loft bëssen eraus bei de Berbuerger an déi Berdorf/Consdorfer hunn dëse Moment genotzt fir innerhalb vun 10 Minuten 2 Goaler ze schéissen. Nôm 1:2 hunn d'Hausherren sech awer erëm gefaang an konnten durch den Schuster David an der 30. Minut zum 2:2 ausgléichen. Kuerz virun der Pause konnt Berbuerg durch den Frank Christophe iwwert en excellent plazéierten Eleefmeter mat 3:2 an Féierung goen.

D'2 Halschent war dunn bëssen méi turbulent an et goung hinn an hier woubäi déi Consdorfer e Fehler vun der Defense vun de Berbuerger an der 70. Minutt notzen konnten fir den Ausgläich ze erzwengen. An der 75. Minutt war ët eng gutt Eenzelactioun vum Frank Christophe deen den 4:3 erzielt huet an domat och déi 3 Punkten fir déi Berbuerger ofsëchere konnt.

Eis Seniors 2 hunn zanter dem Ufank vun der Réckronn, vu 6 Matcher der 5 gewonnen an 1 gläich gespillt. Dat ass eng super Serie, déi sie mat vill Equipegeescht, Kampf an Asaatz higelucht hunn.

En décke Bravo un d'Jongen an un hieren Trainer!

Equipe: Hristov Georgi, Vetter Flo (60. Dahm Yves), Thies Serge, Hoffmann Claude, Schrantz Max, Kaufmann Manu, Wagner Michael, Guth Serge, Schuster David (70. Schommer Wenzel), Frank Christophe, Stommes Jannik (75. Frondizi Eric).

Share |