Berbourg I: Verdéngten Derby-Neierlaag

FC Berdenia Berbourg – Union Mertert/Wasserbillig 1:3 (0:1)

 

Am Kader vum gutt besichten Freijârsfest, konnten eis Jongen nët un déi uerdentlech Leeschtungen aus den leschte Matcher uknäppen an hu mat 1:3 am Derby géint eis Nôperen den Kierzeren gezunn.

 

D’UMW war de ganzen Match déi besser Equipe, well se einfach méi engagéiert waren, an et erlaabt muss sin ze froen, op verschidden Berbourger Spiller déi richteg Astellung un den Daag geluecht hunn, fir an sou ee wichtegen Match ranzegoen.

D’Goaler (20., 62., an 89. Minutt) fir d’UMW sollt alleguerten de Jo Reuland schéissen.

 

Den Uschlosstreffer zum zweschenzäitlechen 1:2 as dem Peter Lauer direkt am Géigenzuch zum 0-2 an der 63. Minutt gelong.

 

Trauregen Deiwpunkt vum Match war dei ganz schweier Blessur vum Keeper vun deenen Giel-Schwaarzen, de Jeff Oster, deen nô engem onglécklechen Zesummenprall mat engem vun eisen Spiller, laang bewosstlos war, an eng gutt hallef Stonn huet missten um Terrain vu Secouristen an Pompieeën behandelt gin.

Hien as mam Samu mat sengen, wéi entretemps gewosst ass, ganz schwéieren Kappverletzungen an d’Spidol gefouert ginn.

 

Eisen ganzen Veräin wenscht dem Jeff eng gutt Besserung an jiddereen dréckt d’Daumen, dass hien erëm schnell op d’Been kënnt!

 

 

Mir wëllen mer awer och allen Läit merci soën, déi eis um Freijârfest besicht hunn. De Sall war prappelvoll a mir haaten all Hänn voll ze dinn, wat jo eng gutt Saach as.

 

Den Veräinsmemberen a Spiller déi eis zousätzlech gehollëf hun, de Spagat tëschend Fest an Heemmatch kënnen ze organiséieren, och ee ganz groussen Merci fir hier wonnerbar Hëllef.

 

Nächsten Match, wou et ëm d’Wurscht geet, as den Sonnden um 16:00 Auer géint een direkten Konkurrent, Sporting Bertrange. Gespillt get auswärts zu Bartreng.

 

FCBB: Becker – Petry, Weidert (C), Lacroix (46. Kaufmann), Benner – Boussi, Lauer, Speltz, Dias Ramada (72.Le Conte), Contrino (65.Wagner) - Madeira

 

Réserve: Hristov, Wagner, Le Conte, Kaufmann, Vetter

 

Net dobäi : Dias,Thies, Huss, Ruppert, Steffen, Schuster, Frank

 

Share |