SCOLAIRES: Erfolleg trotz duerchschnëttlecher Leeschtung

ENTENTE MONDORF/SCHENGEN - ENTENTE  BERBOURG/BIWER  1:3 (0:1)


Trotz herrlechem Fussballwierder op engem neien syntheeteschen Terrain haaten déi Orange Schwaarz nët hiere beschten Dag erwëscht. Et war e Match op kengem all ze héigen Niveau, de Géigner konnt awer, bis kuerz viru Schluss, nie fir Gefôr suergen virum Nick Assel senger Këscht.


Flott Spillkombinatiounen ware sielen, am Résumé et war en Dag wou kollektiv nët vill gepasst huet. Dat Positivt vum Nomëtteg sinn déi 3 Punkten, de Match sollte mer schnellstens vergiessen.


Fussball spille kënne mer vill besser!


Déi 3 Goaler  vum Match huet  de Steven DOS SANTOS geschoss.

 

EQUIPE : Nick ASSEL – Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS ,  Jérôme KRING ©, Charel KREMER– Sam KONSBRÜCK, Joé BENNER –Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, – Yannick SCHROEDER.


Reserve : Sam WAINWRIGHT a  Kevin INACIO

Gefehlt hun Raffa ALMEIDA, Charel DUREL, Marco ERNSTER, Philippe SCHMIT,Jim SCHANEN   

Share |