Berbuerg I behaapt sech zu Beetebuerg 1:2 (0:1)

SC Bettembourg - FC Berdenia Berbourg 1:2 (0:1)

An engem nervösen an hekteschen Match konnten sech eis Jongen um Enn verdéngt géint Beetebuerg duerchsetzen.

No puer zaghaften Versich, goufen déi Berbuerger an der 11. Minutt belount. Den Achmed Boussi gëtt am Stroofraum vun den Been geholl an den Arbiter weist op den Punkt an dem Beetebuerger déi rout Kaart. Den Daniel Dias huet sech der Saach ugeholl, scheitert awer um géignereschen Keeper.

An der 24.Minutt ee weideren Opreeger: Déi Berbuerger schéngen den 0:1 nô engem Kappball markéiert ze hunn, keen vun den Arbiteren huet den Ball allerdngs dobannen gesinn, sou ass et beim 0:0 bliwwen. An der 33.Minutt, déi éischt Chance vu Beetebuerg, mee den Daniel Becker hält géint den fräistehenden Stiermer.

Den erléisenden 0:1 markéiert de Kevin Madeira an der 40. Minutt wéi e gudd ugespillt gouf an dem Keeper keng Chance leisst. An der 45.Minutt eng weider Beetebuerger Chance, mee den Daniel Becker wiert den 1.Schoss oof, an deen 2. get vun eiser Verteidegung oofgeblockt.

No der Paus war et e Match op ee Goal, mee leider sinn divers héichkaräteg Chancen nët genotzt ginn. Et war den Achmed  Boussi, deen an der 69.Minutt mat séngem strammen Schoss vun rietsaussen den 0:2 markéiert.

Dono hunn et eis Jongen leider verpasst, de Match roueg op en Enn ze spillen, an hunn et zougelooss, dass Beetebuerg sech nach eng Kéier gewiert huet. Sou koumen se an der 77.Minutt duerch een Eelëfmeter zum 1:2 Uschlosstreffer an eis Jongen haaten all Hänn a Féiss voll ze dinn, dee knappen Virsprong iwert Zäit ze retten.

Zwou Victoiren um Stéck, daat gëtt Réckenwand fir nächsten Sonndeg, 19. Februar 2015 am groussen Derby géint d'Union Mertert/Wasserbillig um 16:00 Auer am Stade Rénert. Weider sou Jongen!!!

Vergiesst nët, dat den FC Berdenia dien Dag säi Fréijoërsfest am Centre Beaurepaire organiseiert, wou der Mettes an Owes gudd ze iessen kritt. All eis Gäscht  vum Fest kréien e Gratisticket fir nôm Mëttegiessen, den Derby géint den UMW kënne kucken ze goën.

FCBB: Becker - Dias (83.Kaufmann), Weidert (C), Lacroix, Petry- Contrino (68.Wagner), Lauer, Dias Ramada, Speltz (Le Conte), Boussi -Madeira
Réserve: Hristov, Wagner, Le Conte, Kaufmann, Huss

Net dobài: Benner, Thies, Steffen, Stommes, Frank, Vetter, Ruppert

Share |