Berbourg II weiderhinn erfollegräich

FC 47 Baastenduerf II - FC Berdenia Berbourg II 0:3 (0:1)



An deenen éischten 15 Minuten koumen déi Berbuerger nët sou richteg an de Match awer dei Baastenduerfer konnten des Unfanksschwächt vun de Gäscht nët sou richteg ausnotzen. Duerno hunn dei Berbuerger sech gefaang an koumen dunn och zu puer gudden Chancen ennert annerem durch den Hubert Tom, Frank Christophe an Pit Wagner, déi durch Mangel un Réussite oder Pech nët konnten genotzt ginn.


An der 32. Minutt hunn déi Berbuerger awer endlech kënnen mat 0:1 an Féierung goen wéi den Baastenduerfer Keeper nët konnt  e Fràistouss vum Hubert Tom paréieren. Mat deem Résultat goung et dann an d'Pause. 


Nom Ustouss woren déi Berbuerger top konzentreiert an hunn sech selleg gutt Aktiounen nô fir erschafft, dovunner wor eng sou gut datt se just durch en Fouleelëfmeter konnt ënnerbrach ginn, deen de. Frank Christophe souverän zum 0:2.genotzt huet Dei Baastenduerfer wollten sech nach e bëssen wieren, wat awer just dozou gefouert huet dat déi Berbuerger ëmmer méi Reim krutten. D'Konsequenz dovun war, dat iwwert eng Kombinatioun Schuster David an Petry Fabi, den Thies Serge den 0:3 Endresultat ofsëcheren konnt.



Fazit: Mat Gedold an Disziplin 3 Punkten Auswärts geholl.


Kader: Hristov Georgi, Vetter Flo, Frondizi Eric, Schrantz Max, Kaufmann Manu (C), Stommes Jannik, Wagner Pit (65. Chennaux Pit), Thies Serge, Hubert Tom, Schuster David (75. Petry Fabi), Frank Christophe. 


Share |