Berbourg I: Weider 3 wichteg Punkten am Kampf géint den Ôfstieg

FC Berdenia Berbourg - FC Koeppchen Wormeldange 3:1 (0:0)

Viru villen Leit, konnten sech eis Jongen geint dei Wuermer duerchsetzen an sech esou fir d'Néierlaag am Hispill revanchéieren.

Déi éischt Halschent war awer ouni Héichpunkten mat Ausnahm vun engem Laatentreffer vun deene Wuermer an der 22. Minutt nô engem Corner.

An der zweeter Halschent konnten sech dei Berbuerger mat hierer éischter schnell rausgespilltener Aktioun d'Féierung sëcheren: Den Achmed Boussi setzt sech iwert lenks an den Stroofraum duerch an spillt an d'Mëtt, wou den Daniel Contrino zum 1:0 rasetzt.

An der 58. Minutt rett den Wuermer Keeper nach grandios mat senger Foussoofwier, konnt awer Sekonnen drop dem Kevin Madeira säin Schoss nët haalen, 2:0 fir Berbuerg.

Den iwwerraschenden Uschlosstreffer gelengt deene Wuermer an der 78.Minutt, wéi de Stiermer dem Daniel Becker am Goal fräistoend keng Oofwierchance léisst.

Den erléisenden 3:1 fällt mam Schlusspëff an der 95.Minutt duerch den Peter Lauer, wei en göint de Laaf vum Keeper op Virlag vum Dan Huss rasetzen kann.

Disziplinéiert Leeschtung mat enger héichverdengter Victoire.

Weider esou Jongen!

Elo kënnen d'Schanken e bësschen méi laang raschten, well um Ouschterweekend nët gespillt gëtt.

Den FC Berdenia wenscht all sengen Memberen an treien Supporter een schéint Ouschterfest.

Weider geet et den Sondeg,12.04.2015 zu Beetebuerg, wéi ëmmer um 16:00 Auer.

FCBB: Becker - Benner, Lacroix, Weidert (C), Petry - Boussi, Dias Ramada, Lauer, Le Conte (44.Speltz), Contrino (84.Thies) - Madeira (90.Huss)
Réserve.: Hristov, Huss, Thies, Speltz, Stommes

Nët dobäi: Kaufmann, Wagner, Steffen, Dias, Frank, Ruppert, Schuster, Vetter
Share |