SCOLAIRES : Gutt Reaktioun no der Néierlaag géint Bieles  

ENTENTE  BERBOURG/BIWER  - US  SANDWEILER  5:1 (2:0)


Déi Orange Schwarz hunn de Match vun Ufank un an d’Hand geholl a konnten sech eng ganz Rei Goalchancen erausspillen an deenen éischten 35 Minutten. Zwou dovunner konnte de Raffa ALMEIDA notzen.


Nô der Paus huet de Yannick SCHROEDER gléich mam 3:0 fir d‘Viirentscheedung gesuergt. Duerno koum eng Phase wou d’Equipe de Match aus der Hand ginn huet, de Géigner as nët méi konsequent am Spillobbau gestéiert ginn, an richtegerweis ass och den Éieregoal gefall zu deem Zäitpunkt.


No deenen 10 Minutten hunn  eis Spiller sech awer nees gefaangen, a koumen zu zwee weideren Goaler, een op Eelefmeter duerch de Yannick SCHROEDER, an deen âneren Goal duerch de Charel KREMER no engem Laateschoss vum Steven DOS SANTOS.


Deemnô e korrekte Match mat engem och an där Héischt verdingtene Gewënner!

 

EQUIPE : Nick ASSEL – Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS ©, Sam KONSBRÜCK, Jérôme KRING– Joé BENNER –Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, Charel KREMER – Raffa ALMEIDA.

Reserve : Yannick SCHROEDER,  Charel DUREL, Jim SCHANEN,  Kevin INACIO a  Philippe SCHMIT.

Share |