Berbuerg II gewënnt den Derby géint Jonglënster II

FC Berdenia Berbourg II - FC Jeunesse Junglinster II 3:2 (1:1)



Wei schons geint Dikkrëch, kruten dei Berbuerger an deenen éischten Minuten en diskutablen Handseelëfmeter géint sech gepaff, deen déi Lënster dann och genotzt hunnm an mat 1:0 an Féerung konnten goen. Wéineg beandrockt, hunn d'Hausherren hiert Spill weidergefouert, an konnten dunn an der 20. Minut durch e präzis plazéierten Fräistouss vum Dan Huss ausgläichen. Mat engem Resultat vun 1:1 gung et dann an d'Pause.


An der 2er Halschent konnten déi Berbuerger dunn direkt no 2 Minuten durch eng perfekt Aktion iwwert Dan Huss an Pit Wagner mat 2:1 an Féierung goen durch d'Vollendung vum Frank Christophe. 

 

Sichtlech matgeholl vun deem fréie Reckschlach ass et deene Lënster net mei gelong an de Match ze kommen an d'Fehleren hunn sech dunn och summeiert. Esou koum et dann och an der 65. Minut zu engem Freistouss vun 25 Meter zu Gonsten vun deene Berbuerger deen den Tom Hubert perfekt an de Wenkel hummere konnt zum 3:1.

 

Dei letzt Minuten goufen dunn bëssen méi hecktesch, déi Lënster hunn alles no fir geheit an konnten och 5 Minuten virun Schluss den Unschlosstreffer fannen awer leider ze speit well de Match gouf dunn mat 3:-2 ofgepaff.


Fazit: Durch Taktik an Asaatz géint eng staark Equipe vu Jonglënster gewonn.


Kader: Hristov Georgi, Vetter Flo, Frondizi Eric (45. Hubert Tom), Schrantz Max, Hoffmann Claude, Oswald Jérôme, Wagner Pit (60. Chennaux Pit), Wagner Michael, Guth Serge (C) (70. Hoscheid Serge), Huss Dan, Frank Christophe

Share |