Berbuerg schléit sech selwer am Derby géint d'US Berdorf/Consdorf 01

US Berdorf/Consdorf 01 - FC Berdenia Berbourg 2:1 (0:0)

 

Am Derby géint Berdorf-Consdorf ass et ëm wichteg Punkten am Tabellekeller gaangen. Deemenstpriechend haten sech déi vill Zuschauer op e bëssege Match agestallt.

 

D’Partie ass allerdéngs zimmlech zréckhaalend ugaang, an et waren déi Berbuerger, déi sech an der 10. Minutt eng éischte Kéier virun de Goal getraut hun. E laange Fräistouss aus dem Halleffeld get vum Speltz op den zweete Potto gezunn, wou de Lacroix richteg steet, säi Kappball awer riicht an dem Keeper seng Hänn fällt.

 

Berbuerg hat déi besser Aktiounen an der Ufanksphase mee Berdorf-Consdorf konnt och mat e puer gudde Kombinatiounen de Wee an eise Strofraum fannen ouni awer geféierlech ze ginn. Ab der 30. Minutt ass den USBC méi aggressiv an d’Zweekämpf gaang an duerch verschidde Standardsituatiounen och bei de Goal komm, déi awer meeschtens um Becker a sénger Ofwier hänke bliwwe sinn. Béid Equipen hu sech also gréisstendeels neutraliséiert ouni nennenswäert Goalchancen, ausser e Schoss aus der Dréihung fir d’Heeméquipe deen awer just un d’Aussennetz gaangen ass.

 

Direkt no der Halschent bréngen d’Haushären e laange Fräistouss a Richtung Goal. Als Flank geduecht, ass de Ball ëmmer méi laang ginn, eisem Keeper duerch d’Fanger gerutscht an an d’Netz gefall. 1:0 an der 48. Minutt.

 

Net geschockt haat Berbuerg duerno méi vum Match. Mat enge sëllechen Aktiounen ass monter no vir gespillt ginn. Direkt 2 Minutten nom Geigentreffer setzt de Boussi sech säitlech duerch a gëtt am Strofraum mat engem eelefmeterwürdege Foul gestoppt. Wann hei de Pëff vum Arbitter nach ausbliwwen ass, sou war et an der 54. Minutt e Fehler um Le Conte deen zu engem Eelefmeter gefouert huet. De Speltz setzt deen dann och souverän zum 1:1 eran.

 

USBC probéiert lo méi no vir ze maachen, a kënnt och zu vereenzelten, awer éier harmlose Chancen, ausser an der 58. Minutt wou e stramme Schoss nëmmen e puer Zentimeter iwwert d’Lat geet. Déi Berbuerger komme mat laange Bäll och zu hiren Aktiounen virum géignereschen Goal, wéi zum Beispill eng Honnertprozenteg an der 56. Minutt, wou de Boussi an de Laf geschéckt gëtt, alleng op de Goal geet, säi Schoss allerdéngs um Keeper hänken bleift.

 

An der 62. Minutt ass et rëm de Boussi deen sech op der rietser Säit duerchsetzt an am 16er vun de Been geholl gëtt. Dem Speltz säi Penalty gëtt dës Kéier vum Keeper gehaal, de Noschoss vum Lauer awer eragesat. Allerdéngs ass d’Situatioun vum Arbitter zu Gonschten vu Berdorf-Consdorf ofgepaff ginn, well anscheinend e Berbuerger ze fréi an de Strofraum gelaf ass.

 

An der 74. ass et eng gutt Kombinatioun op der lénker Säit vu Benner a Boussi déi awer schlussendlech am Corner lant. Kuerz drop kënnt de Madeira no enger flaacher Flank vu riets um zweete Potto e Schrëtt ze spéit.

 

An der 78. Minutt ass et dunn no engem Consdorfer Corner wéi mer de Ball net konnten dégagéieren, an e Géigespiller am Duercherneen vun 20 Meter ofzitt. De Ball gëtt ofgefälscht a spréngt iwwert de rausgelafene Becker zum 2-1 an de Goal.

 

An der Schlussphase sollt dann awer nach bëssen Derbyféiwer opkommen. Berbuerg probéiert nach zum Ausgläich ze kommen, deen de Géigner awer energesch verteidegt huet, sou dass den USBC a kierzester Zäit zwee Mann vum Terrain gesat kritt huet. Eis huet dat awer näischt gehollef, an déi 3 Punkten bleiwen domat zu Consdorf. Den FC Berdenia haat insgesamt méi Spillundeeler, och mam däitleche Chanceplus, mee den USBC 01 konnt eben den absolute Maximum aus sénge Méiglechkeeten eraushuelen.

 

Trotzdem ass an dëser Phase vum Championnat nach näischt verluer an et bleiwen nach eng Partie Punkten ze huelen. Nächste Sonndeg geet et am nächsten Ost-Derby doheem géint Wuermer.

 

 

Opstellung: Becker, Benner, Lacroix, Weidert, Petry, Madeira, Lecompte, Speltz, Lauer, Contrino, Boussi

 

Reserve: Hristov, Dias Ramada (54.), Frank (81.), Huss (87.) , Thies

Share |