SCOLAIRES : Onglëcklech Néierlaag

ENTENTE  BERBOURG/BIWER  - FC BELVAL  1.2 (0:0)


Et war e ganz ausgeglachene Match tëschent 2 gudden Equipen woubäi de Gaascht aus dem Süden dat néidegt Glëck um Enn op senger Séit haat.


An deenen éischten 35 Minutten war d’Heeméquipe liicht feldiwerleeën ouni sech awer konkreet Golchancen erauszespillen.


Déi Bielesser waren mat hiren Stuermspëtzen  ëmmer nees geféierlech a konnten sech eng ganz gutt Chance erausspillen déi de Sam Konsbrück, deen de Nick ASSEL ganz gutt ersat huet, onschiedlech konnt maachen.


Déi Orange/Schwaarz koumen 10 Minutten nô der Paus an den Avantage duerch e Goal vum Raffa Almeida, deen an enger gudder Berbuerg/Biwer Equipe zu deene beschte Spiller gezielt huet, op dësem Samsdeg Nomëtteg.


Mat engem diskutabelen 11-Meter koum de Gaascht zum Ausgläich nodeem de Sam Konsbrück eréicht am Nôschoss konnt bezwongen gin. Op e Konter hin, hun déi Blo-Giel kuerz virum Enn den Erfolleg perfekt gemaach an engem Match dee keen Verléierer verdingt hat.


Um Asaatz vun der Equipe ass keng Diskussioun, an esou en intensive Match brengt d’Equipe an hirer Entwëcklung sëcherlech weider.Deemno trotz der éischter Nidderlaag am Championnat 2014-2015, huele mer vill Positives mat an di nächste Matcher.


Zum Schluss eng weider  Kéier e grousse MERCI un de Sam KONSBRÜCK deen sech eemol méi fir den erkrankten Nick Assel tëschent d’Pottoën gestallt huet .

EQUIPE : Sam KONSBRÜCK – Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS, Jérôme KRING (C) Charel KREMER – Joé BENNER – Jim SCHANEN, Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, - Raffa ALMEIDA.

Reserve : Yannick SCHROEDER,  Marco ERNSTER, Kevin INACIO a  Philippe SCHMIT.

Gefehlt hun Nick ASSEL, Sam WAINWRIGHT a Charel DUREL

Share |