Berbuerg II iwwerrennt Dikrech II an der 2er Halschent

Young Boys Dikrech II - Berdenia Berbourg II  1:4 (1:1)


Et wôren d'Hausherren dei direk nô 10 Minutten en diskutablen Händseelëfmeter zu hirem Gonsten gepaff krutten, desen awer net notzen konnten well de Berbuerger Keeper Hristov Georgi desen excellent entschärfen konnt.


Dei Berbuerger  woren dunn on fire an et ass hinnen gelong durch den Schuster David nemmen e puer Minuten mei speit mat 0:1 an Feierung ze goen. Obwuel dei Berbuerger gut gedreckt hun ass et hinnen net gelong eng vun de selechen Chancen durch Guth, Wagner M., Raths an Schuster fir den 2:0 ze netzen. Dunn, ganz onerwaart, ass et deenen Dikrecher gelong an der 35. Minut den 1:1 ze markéieren.


Nô der Pause, hunn déi Berbuerger d'Heft erem direkt an d'Hand geholl an d'Kadenz em e gudde Krack ungezunn. An der 60. Minut ass et deene Berbuerger gelong durch e perfekt angeluechten taktesche Wiessel den 1:2 ze schéissen. Desen gouf vum Meyers Géry erziehlt deen domadden e gelongenen Comeback konnt feieren.


Déi next Minuten hunn just nach deenen Berbuerger geheiert an dei konnten den Sieg mat 2 weideren scheinen Goaler vum Schuster David och ofsëcheren. Et ass dunn och beim 1-4 bliwwen, woubei zum Schluss nach e puer 100 % Chancen net vun de Berbuerger genotzt konnten ginn.


Fazit: Konséquenten Optrett an verdingt 3 Punkten Auswärts gewonn.


Kommt also och eis Seniors II ënnerstëtzen, sie hunn e gudde Start an der Réckronh gehât, a spillen mat Kampf an Asaatz. Eng gutt Geleeënheet fir eis 2.Equipe um Terrain ze gesinn, ass haut Freideg, 20. Mäerz 2015 um 20:00 Auer géint Jonglënster II.


D'Buvette ass op! 


Kader: Hristov Georgi, Vetter Flo, Frondizi Eric, Schrantz Max, Kaufmann Manu (C), Chennaux Pit, Wagner Pit, Wagner Michael, Guth Serge, Schuster David, Rahts Max (60. Meyers Géry)



Share |