Berbuerg I setzt een Ausruffzeechen am Ofstigskampf

FC Berdenia Berbourg – Union Remich/Bous 4:0 (1:0)


Mat der wahrscheinlech beschter Leeschtung säit Laangem, hunn eis Jongen ge- an bewisen zu wat se fäheg sinn, wann se sech alleguerten mat bedengunslosem Asaatz an den Déngscht vun der Equipe stellen.


Vun der éischter bis déi läscht Minutt sinn se aggressive an all Duell gaangen an hunn den bis dato souveränen Tabellenleader vun der Musel guer net zum Zoch kommen gelooss. Déi éischt 25 Minutten war Berbuerg kloer dominant, zu konkreten Chancen koumen se awer net.


An der 28.Minutt war et den Achmed Boussi, deen sech geschéckt iwwert lenks an den Strofraum duerchsetzt an den Ball op den Kevin Madeira an der Mett raleet, deen zur grousser Freed vun den Zuschauer, zur 1:0 Féierung trefft.


Éischt an eenzeg Goalchance haten déi Remicher an der 36.Spillminutt, wei den Spiller no engem Berbuerger Opbaufehler mat sengem Schoss, den Goal knapp verfeelt.


2 Minutten drop war et den Boussi, deen sech am 16er duerchsetzt, allerdéngs awer um Keeper hänken bleift. Kuerz virun der Paus war et den Peter Lauer, deen den 2:0 um Fouss hat, mee hien scheitert aus kuerzer Distanz mat sengem Schoss um Keeper, nodeems en herrlech an d’Déift ugespillt gouf.


No der Paus hunn déi Remicher méi aggressiv agéiert an koumen an der 50.Minutt zu enger richteg gudder Geleeënheet. An der 56.Minutt strofen se sech dunn selwer, wei een Spiller wéinst widderhueltem rauem Foul mat giel-rout an d’Kabinnen geschéckt ginn ass. Berbuerg huet sech net drun gesteiert, an hiert Spill weider duerchgezunn.


Sou koumen se an der 70.Minutt duerch Boussi-Contrino zu enger gudder Chance. 2 Minutten drop war et rëm den Daniel Contrino, deen direkt e puer mol den Ofschloss gesicht huet, leider ouni Erfolleg. An der 78.Minutt sollt en dunn besser klappen : Den Boussi waart laang am Strofraum ier en den Ball punktgenau op den Lauer flankt, deen géint den Laaf vum Keeper kann zum 2:0 per Kappball rasetzen.


Kuerz drop, war et rëm den Boussi, deen eleng duerch ass, mee en gouf am leschten Moment ganz fair oofgegrätscht.

Mam erléisenden 3:0 an der 88.Minutt konnt den Boussi dann awer seng Leeschtung kréinen.


Agewiesselt an mam éischten Ballkontakt markéiert den Dan Huss an der 89.Minutt den 4:0 Endstand mat sengem Schoss aus 16 Meter.


No 2 ganz enttäuschenden Matcher kruten eis Jongen d’Kéier. Eng wonnerbar Prestatioun, déi Hoffnung mëscht, dass mer mat sou Leeschtungen aus dem Keller rauskommen kennen. Weider sou Männer, genau dat ass et !!!


En Sonnden geet et géint den direkten Konkurrent am Derby em alles : Um 16:00 Auer zu Consdorf géint d’USBC01, wou mer jo nach eng Rechnung duerch d’Defaite am Himatch opstoen hunn.


Mir machen elo schons en Appel unn eis Zuschauer e Sonndeg zu vill op Consdorf ze kommen. Wa Spiller, Trainer, Comité, Membren an eis vill Supporteren an de nächste Méint zesummestinn, da pake mer eis Ziel, de Klassenerhalt.


FCBB : BeckerPetry, Weidert (C), Lacroix, BennerBoussi, Speltz, Lauer, Le Conte (88.Frank), Contrino (80.Thies) – Madeira (88. Huss)

Reserve : Steffen, Thies, Frank, Huss, Kaufmann

Net dobäi: Dias Ramada, Dias, Ruppert, Wagner, Stommes, Hristov, Schuster, Vetter

 

Share |