SCOLAIRES : Opsteiger klappt Ofsteiger

ENTENTE ITZIG/WEILER - ENTENTE  BERBOURG/BIWER   1:3 (0:0)


No enger seriöer Préparatioun op d’Rëckronn huet eis Equipe hieren 1. Match kloer dominéiert an héich verdingt zu Itzëg um syntheeteschen Terrain gewonnen.


Et war eng éischt Halbzäit wou mir eis konnten op mannst eng hallew Dozen Goalchancen erausspillen, an dat gréisstendeels no duerch flott Spillkombinatiounen. Leider huet de Ball de Wee an de Filet nët fonnt.


An deenen zweeten 35 Minutten war de kollektive Spillfloss manner gutt, mee dô sin d’Goaler gefall, dëst duerch Eenzelleechtungen vun deem een oder anere Spiller.


Fazit vum Match: gudde Start an den 2. Tour, wou et awer gëllt d’Form an d’Astellung an deenen nächste Matcher, déi sëcherlech méi schwiereg ginn. ze bestätegen.


D’Goaler fir d’Equipe hu marquéiert: FILIPE PINTO a STEVEN DOS SANTOS (2)


EQUIPE : Nick ASSEL – Damien  STEFFES, Steven DOS SANTOS, Jérôme KRING (C), Charel KREMER – Joé BENNER – Yannick SCHROEDER, Leandro LOPES, Filipe PINTO, Glenn ARTOIS, - Raffa ALMEIDA.


Reserve : Jim SCHANEN, Sam WANWRIGHT, Marco ERNSTER, Sam KONSBRÜCK a Charel DUREL.


Gefehlt hunn: Philippe SCHMIT a Kevin INACIO

Share |