Berbourg I: Weider Néierlaag

US Esch - FC Berdenia Berbourg 6:1 (2:0)

 

Zolitt sin d'Kollegen aus der Forge du Sud an der éischter halwer Stonn drënner gaangen, wat och duerch divers Verwarnungen zu Buch geschloen huet. 

 

No enger halwer Stonn, wou déi Berbuerger d'Null gehaalen hun, hu sech déi Escher awer rëm op hier spilleresch Qualitéit verlooss, an sollten dunn an der 31. an an der 36. Minutt mat dem 1:0, respektiv dem 2:0 belount gin. 

 

Minutten nom Téi war et  den 3:0 fir d'Haushären an der 48.Minutt. Den 4:0 konnten déi Escher an der 59.Minutt markéieren. 

 

Dei beschten Phase vun den Orangen sollt dunn ab der 65. Minutt starten, nodeems den Achmed Boussi eng gutt Aktioun konnt zum 4:1 oofschléissen. E puer weider gutt Ugrëff hun awer näischt méi bruecht. Esou konnten déi Escher an der 87. an an der 89. Minutt nach mat 2 Goaler d'Resultat op 6:1 ropschrauwen. 

  

Nächsten Weekend kennt den Tabellenleader vun Remich op Berbuerg (16:00 Auer, Stade Rénert). 


Dohir dann och hei schon den Appel un sämtlech Verantwortlech, Memberen, Zuschauer an Sympatisanten vum Veräin fir t’Equipe d'nächst Woch nees tatkräfteg ennerstëtzen ze kommen. 


An dëser schwéierer Phase hëlleft nëmmen eppes: De ganzen FC Berdenia muss weiderhin zesummen stoen a kämpfen, da klappt et och nees mat de positiven Resultater!

 

Keep on fighting!!!

 

FCBB: Steffen - Thies (62.Vetter), Weidert (C), Petry, Benner - Boussi, Dias Ramada, Lacroix (69.Wagner), Madeira - Lauer, Huss (46.Frank)


Reserve: Hristov, Frank, Vetter, Wagner, Le Conte

 

Net dobäi: Becker, Speltz, Dias, Kaufmann, Ruppert, Contrino, Stommes, Schuster,
Share |