Berbourg I: Réckschlag am Oofstiegskampf

FC Berdenia Berbourg - Luna Oberkorn 2:4 (1:1)

 

Eng batter an virun allem penibel Défaite gouf et de Sonnden am Stade Renert, ausgerechent géint een direkten Konkurrent am Kampf geint den Oofstieg.

 

Huet dei 1. Véirelstonn integral den Haushären gehéiert, wou se divers heichkaräteg Ugrëff nët genotzt hunn, war et d'Luna déi an der 20. Minutt mat hierem 1.Goalschoss zur Féierung markéieren.

 

Den Ausgläich sollt an der 29. Minutt faalen, wei den Daniel Dias no engem Corner am Stroofraum energesch nom Ball grätscht an em domadder dem Kevin Madeira opleet, deen den 1:1 markeiert.

 

Dei 2. Halschent war knapp ugepaff, do konnten dei Uewerkuerer den 1:2 markéieren, wéi se vun engem groussen Mssverständnis¨s vun eiser Oofwier profitéiert hunn. An der 53. koum et dunn zum 1:3 wéi den Stiermer vun der Luna eis ganz Verteidegung ausdanzt, mat sengem Schoss awer nach um Charel Weidert hänken bleiwt, den Nôschoss awer den Wee an den Filet fënnt.

 

Bei Berbuerg as näischt mei zesummengelaaf, an sou war den 1:4 an der 68. Minutt quasi dei logesch Konsequenz.

 

E bëssen Hoffnung sollt dunn awer nach opkommen, wéi de grad agewiesselten Christophe Frank per Handelefmeter den 2:4 rasetzt.

 

Berbuerg huet nach eng Kéier Drock gemaach, Goaler sollten awer keng méi faalen.

 

Alles an allem, eng zimmlech enttäuschend Prestatioun: Sou dierf een sech am Oofstiegskampf nët présentéieren.

 

Nächsten Sonnden geet et dann um 16:00 Auer géint d'US Esch, Chance sech rem zreckzekaafen !!

 

FCBB: Becker - Thies, Weidert (C), Dias (58. Le Conte), Benner - Lauer, Dias Ramada (70. Frank), Speltz, Contrino (55. Petry) - Madeira, Boussi

Réserve: Steffen, Petry, Le Conte, Frank, Huss

 

Nët dobäi: Kaufmann, Ruppert, Lacroix, Wagner, Schuster, Dahm, Stommes, Hristov

Share |