Berbourg I: Gudden Optakt beim CS Uewerkuer

CS Oberkorn - FC Berdenia Berbourg 1:2 (0:0)

 

Zum Optakt an dës Réckronn konnten sech eis Jongen, um Enn héichverdengt, beim CS Uewerkuer duerchsetzen an domadder den éischten 3er am Joer 2015 afueren.


An der éischter Hallschent waren déi Orange spillbestëmmend a konnten duerch hier vill schnell Ugrëff de Géigner ferme ënner Drock setzen. Mee ausser dem Kevin Madeira sengem Abseitsgoal an der 25.Minutt, sollt kee Ball de Wee an de géigneresche Goal fannen. 

 

An der 2. Hallschent, dat selwescht Bild, mee Uewerkuer huet méi an hier Ugrëff investéiert. Belount goufen se an der 57. Minutt mat engem propper rausgespilltem Goal, wou se awer och vun enger Reih Fehler op Berbuerger Sait profitéiert hunn. 

 

Berbuerg huet sech awer wéineg beandrocken gelooss, an huet weider konsequent op hier Offensivstärkt gesaat. Chance haat den FC Berdenia allerdéngs an der 66. Minutt, wéi déi Uewerkuerer ee Schoss un d'Laat gehummert hunn. 

 

An der 70. Minutt dunn den erléisenden Ausgläich: Den Achmed Boussi gëtt iwwert déi lénks Säit an Szen gesât, setzt sech duerch a leet de Ball an d'Mëtt op de Peter Lauer, dee keng Méih huet, zum Ausgläich eranzesetzen. 

 

An der 76. Minutt flitt den Uewerkuerer Keeper mat rout vum Stéck, wéi en ausserhalb vun sengem Stroofraum den Ball mat der Hand spillt. Berbuerg konnt kuerz drop an der 79. Minutt vun der Iwwerzuel profitéieren wéi de Achmed Boussi e schéi rausgespilltenen Goal iwwert Charel Weidert an Daniel Contrino zum 1:2 Endstand rasetzt. 

 

An der 86. Minutt hat de Kevin Madeira nach Pech, wéi eng Kappballverlängerung ganz knapp iwwert de Goal geet. 

 

Uewerkuer konnt néischt Konkretes méi dergéint setzten, an sou as et bäim 1:2 Auswärterfolleg bliwwen. 

 

Nächste Weekend geet ët da géint déi nächst Uewerkuerer Equipe: D'Luna kënnt de Sonnden an den Stade Renert op Besuch. Gespillt gëtt um 16:00 Auer. 

 

Kommt all eis Jongen ënnerstëtzen. 

 

FCBB: Becker - Thies, Dias, Weidert (C), Benner - Madeira, Dias Ramada, Speltz (86.Petry), Contrino (82.Lacroix) - Lauer, Boussi (90. Le Conte)

Réserve: Steffen, Lacroix, Le Conte, Petry, Huss

 

Nët dobäi: Kaufmann, Ruppert, Wagner, Dahm, Frank, Hristov, Stommes

Share |