Resultater vun de Testmatcher

Eis Seniors 1 konnte klar gewannen mat engem 4:0 géint den FC Blô Wäiss Itzeg, 1 Eegegoal, 2 Eelëfmeteren vum Kevin Madeira, an 1 Goal vum Achmed Boussi hunn zu dësem Resultat gefouert. Ze bemierken awer och, dat eise Keeper den Daniel Becker, 2 Eelëfmeteren hâle konnt.

 

D'Seniors 2 hunn 3:1 géint d'Junioren vum CS Grevenmacher gewonnen, den Dan Huss huet déi 3 Goaler fir Berbourg geschoss.

 

Eis Cadets an der Entente CSG/UMW/FCJB/FCBB hunn 2:0 géint eng gemëschten Juniors/Cadets Equipe vum VfL Trier gewonnen.

 

D'Scolaires waren dëse Weekend 2 Môl am Asaatz, sie hunn en Testmatch géint Résidence Walferdange mat 8:3 gewonnen. Am Futsall kommen sie leider nët an d'Finale, hunn awer 1 Match gewonnen (Rodange), 3 Matcher gläich gespillt (Rosport, Hesperange, Colmarberg) an 1 Match verluer (Differdange).

 

D'Veteranen schléisslech hunn an der Haal géint hier Kollegen vum FC Daring Echternach mat 6:5 verluer.

 

Déi nächst Testmatcher vun de Seniors 1 stinn dës Woch um Programm:

 

Dënsdeg, 10. Februar 2014       19:30   Berbourg - Vianden

Freideg,   13. Februar 2014       19:30   Berbourg - Biwer

 


 

Share |