Och an der Wanterpause gëtt Fussball gespillt

Am Kader vun de Virbereedungsmatcher vun eiser 1. Equipe steet haut Mëttwoch, 04.02.2015 eng Partie géint Minerva Lintgen um Programm. Gespillt gëtt um 20:00 Auer, d'Buvette um syntheteschen Terrain ass op! 

 

An deene 2 Virbereedungsmatcher déi schons stattfonnt hunn, huet eis 1. Equipe 1:1  géint Lorentzweiler gespillt (Goal vum Kevin Madeira) an 2:3 géint Miersch verluer (2 Goaler vum Achmed Boussi).

 

De wéidere Programm vun de Seniors 1 ass follgendermoossen:

 

Samsdeg, 07. Februar 2014    16:00   Itzig - Berbourg

Dënsdeg, 10. Februar 2014     19:30   Berbourg - Vianden

Freideg, 13. Februar 2014       19:30   Berbourg - Biwer

  

 

Och eis Scolaires sinn erëm am Asatz, sie sinn ënnert de leschten 18 Equipen am Futsal a stinn an  der leschter Ronn virun der Final vum nationalen Tournoi an der Haal.

 

Sie treffen e Sonndeg, 8. Febuar 2015 vun 14:00 un, zu Miersch an der Haal um Krounebierg op folgend Equipen: FC Differdange 03; Swift Hesperange; FC  Victoria Rosport; FC Rodange 91; Entente Colmarberg.

 

Mir drécken hinnen d’Daumen, a wënschen vill Succès an dësem nët ganz einfachen Grupp.

 

Share |