Indoor "Jugendtournoi" vum FC Berdenia Berbourg war e groussen Erfolleg

Mat 27 Equipen an de Beräicher Bambinis, Poussins, Pupilles a Scolaires waren iwwer 200 jonk Spiller de leschten Weekend zu Berbourg an der Sportshâl "Renert" am Asaatz. Mat vill Motivatioun a Freed um Fussball ass an deene verschiddene Kategorien gekämpft ginn, a su munnech spannende Match gouf ausgedroën.

 

E schéine Succès haaten och eis Scolaires: Nôm Indoor-Tournoi gouf en Deel vum 2.Tour am offiziellen Futsal-Championnat vun der FLF zu Berbourg ausgedroën. D'Jongen vun der Entente Berbourg/Biwer hunn nô schwieregem Start, bravouréis gekämpft a konnten eng 2.Plaatz ënnert 6 Equipen erreechen. Sie stinn domat am 3.Tour vum Futsal-Championnat.

 

Eise Spiller an hieren Elteren e grousse Merci fir hier Präsenz um Tournoi, e besonnesche Merci un d'Memberen vu Jugendkommissioun a Comité fir hier Aarbecht de ganze Weekend um Tournoi.  

Eis Bambinis, déi jéngste Spiller vum Veräin
Eis Bambinis, déi jéngste Spiller vum Veräin
D'Poussins an der Entente mat de Spiller vu Biwer
D'Poussins an der Entente mat de Spiller vu Biwer
D'Pupilles mat hieren Traineren
D'Pupilles mat hieren Traineren
D'Entente Berbourg/Biwer béi de Scolaires
D'Entente Berbourg/Biwer béi de Scolaires
D'Berbuerger Cadets an der Entente mat CSG/UMW/Biwer/Berbourg op engem Préparatiounsmatch zu Tarforst
D'Berbuerger Cadets an der Entente mat CSG/UMW/Biwer/Berbourg op engem Préparatiounsmatch zu Tarforst
Share |