Berbuerg verstäerkt sech am Wanter

.

Vum Nôper FC Jeunesse Biwer kennt de Ben Ruppert op Berbuerg. DeBen ass Verteideger, huet 28 Joer an huet a senger Jugend fir den CS Grevenmacher gespillt, ier hien vun der Union Mertert/Wasserbelleg op Biwer gewiesselt ass, wou hien dei läscht Joer festen Bestanddeel vun der éischter Equipe war.

Elo probeiert de Ben sech nees en Niveau mei heich an mir wenschen him vill Erfolleg bei deser Aufgab an heeschen hien härzlech wëllkomm.

Als zweeten Wantertransfert presentéiert den FC Berdenia Berbuerg den Achmed Boussi.

De 26 Joer aalen Stiermer wiesselt béi eis vum däitschen Rheinlandligist SV Mehring bei eis, e Veräin dien virum Oofstieg an dësem Summer 2 Saisonen laang an der däitscher Oberliga gespillt hunn.

Den Achmed huet awer och schon fir den CS Grevenmacher an den FC Victoria Rosport an der Nationaldivisioun gespillt, desweideren war hien 2 Joer laang Spiller an der éischter Equipe vun Eintracht Trier.


Den Numm Boussi ass dann awer och keen onbekannten zu Berbuerg, huet dach dem Achmed sain eeleren Brudder, den Bilal virun gudd 10 Joer schon bei eis gespillt.

Och dem Achmed heeschen mer härzlech wellkomm an wenschen him vill Erfolleg an Freed bei eis am Veräin.



Leider musse mer awer och en Départ annonceieren an zwar deen vum David Klein. Den David huet sech no senger fantastescher läschter Saison am Summer missten um Spronggelenk operéireen lossen. Leider verleeft den Heelungsprozess nët wéi gewënscht, sou dass beim David an nächster Zäit nët u Fussball spillen ze denken ass. Hien wiesselt zreck bei säin Heemeschtsveräin VfR Irrel, wou hien, och während senger aktiver Zäit zu Berbuerg am Comité täteg war an et och weiderhin ass.


Daat weist, dass mir mam David net nemmen een immens talentéierten Fussballer, mee och nach en top engagöierten Veräinsmensch verléieren, esou huet hien dach emmer eng Hand ugepaak wann eppes ze maachen war.

Op desem Wee dem David nach eng Kéier ee ganz grousse Merci fir d’Verdéngschter an eisem Veräin, a ganz Berbuerg hofft, dass mer Dech nach emol an eisen Faarwen kënnen um Terrain gesinn.

Dem David Klein e grousse Merci fir dee villen a gudden Asaatz fir den FC Berdenia Berbourg
Dem David Klein e grousse Merci fir dee villen a gudden Asaatz fir den FC Berdenia Berbourg
Share |