Coupe FLF: Berbuerg och an der 2.Coupe eliminéiert

FC Berdenia Berbourg - FC Avenir Beggen 0:2 (0:0)

 

Am läschten Match vun dësem Joër konnten béid Equipen am Stade Rénert nët iwwerzeegen. Et war een duerchwuessenen Match, mat villen Fehler op beiden Säiten.

Berbuerg haat dei besser 1.Halschent erwescht, mee konnt divers heichkaräteg Chancen nët notzen. (13.Huss, 17. Contrino, 20. Huss, 41.Le Conte). D'Wichtelcher waren bis op ee Fräistouss an der 25. Minutt nët wierklech geféierlech.

 

Direkt no der Paus war et den Daniel Dias, deen een Beggener Ball nach just kann virun der Linn klären.  An der 53.Minutt kruuten dei Beggener een ganz zweifelhaften Eelëfmeter zougesprach. De Georgi Hristov am Goal gëtt vum Beggener Stiermer um Eck um 5Meter-Raum behënnert, dee léisst sech theatralesch faalen an den Arbiter weist op den Punkt, interessanterweis zum Onverständins vun beiden Säiten: 0:1 Beggen. 2 Minutten drop haaten d'Wiichtelcher eng heichkaräteg Chance, mee den Spiller verfehlt den Goal ganz knapp.

 

Berbuerg war komplett vun der Roll an et as guer näischt möi zesummengelaaf. Eng Onmass vun Fehlpäss hunn all produktivt Spill am Keim ersteckt. De Beggener 0:2 fällt an der 63.Minutt wéi de Stiermer de Ball um 16er kontrolléiert, a flaach an de langen Eck oofzitt.

Eng weider rieseg Chance konnt den agewiesselten Serge Thies an der 78. Minutt op der Linn klären.

 

Endlech Wanterpaus: Eng enttäuschend Hironn as zu Enn, wou eng Berbuerger Equipe ferm an den Seeler hänkt. Eis Jongen mussen zur Rouh kommen an sech lo zu 100% op d'Réckronn konzentréieren, fir do alles drunzesetzen, sou schnell wéi méiglech Punkten ze sammelen.

 

Mat vill Asaatz, Disziplin an Wëllen muss daat ze packen sinn.

 

FCBB: Hristov - Vetter (62.Thies), Dias D., Weidert (C), Benner - Le Conte, Lacroix (62.Dias Ramada), Speltz (73.Dahm), Contrino - Madeira, Huss


Réserve: Steffen, Dias Ramada, Thies, Dahm, Stommes


Nët dobäi: Kaufmann, Lauer, Petry, Klein, Frank, Mota, Becker, Schuster

 

Share |