Mat vill Réussite gewënnt d'Alliance II géint Berbuerg II

F.C. Alliance Aischdall Hobscheid-Eischen II - F.C. Berdenia Berbourg II 

2:0 (1:0)

  

An deenen éischten Minuten hu béid Mannschaften versicht d'Iwwerhand am Spiel ze ergréifen, sou koum et och dat déi Berbuerger sech puer ganz gutt Chancen erspillen konnten, ennert annerem durch Wagner Pit, Oswald Jérôme, Frank Christophe an Thill Alex, awer wei sou oft dës Saison, ouni deen neidegen Goalerfolleg. D'Alliance haat an der 30 Minut eng gutt Chance wou hiren Stiermer den Ball vun 25 Meter op d'Laat schéisst, desen sollt dunn och an der 44 Minut ongesteiert vum 16 Meter den Ball mam Kapp an den Goal schéissen. Mam Résultat vun 1:0 goung et dann an d'Pause.


Nôm Ustouss wollten déi Berbuerger onbedingt den Uschlosstreffer fannen an krutten och iwwert Guth Serge, Stommes Yannik, Wagner Pit, Thill Alex an Schrantz Max, e puer gutt Geleeënheeten dëi emmer nemmen knapp de Goal verpasst hun, resp. dei de Keeper vun der Alliance all Kéier ofwieren konnt.


D'Alliance dei bis zu deem Moment nët méi vill vum Match haat, krutt eng Geleeënheet fir sech iwwert déi lénks Seit durchzesetzen, de Seitespiller vun der Alliance wellt de Ball an de 16er eranflanken, dëse flitt awer onglécklech direkt an de laangen Eck vum Berbuerger Goal. 2:0 an daat wor dunn och den Endstand.

 

Fazit: Minimum 1 Punkt wier dra gewiescht, an der Réckronn muss halt un der Chancenverwärtung geschafft ginn.

 

Equipe: Hristov Georgi, Hoscheid Serge, Chennaux Pit, Frondizi Eric (C), Hoffmann Claude, Guth Serge, Stommes Yannik, Oswald Jérôme, Wagner Pit, Thill Alex , Frank Christophe.

Réserve: Schrantz Max



Share |