16.Finall Coupe de Luxembourg: Endstatioun lëtzebuerger Champion  

FC Berdenia Berbourg - F91 Dudelange 0:4 (0:2)

Mat der éischter Chance vum Match konnt den hausheigen Favorit den 0:1 markéieren. Per Kappball war et den Kevin Malget an der 9. Minutt deen d'Féierung markéiert. 2 Minutten drop schon den 0:2 duerch den Benzouien, deen no enger Flank ee paréierteN Nòschoss erasetzt.

Wou dunn all Mënsch gefaart huet, dass déi Berbuerger schwéier ënnert d'Rieder géingen kommen, hu se sech gefaangen a konnten hiert Konterspill duerchzéihen.

Lues awer sëcher koum Berbuerg besser an de Match an déi Diddelenger haaten hier léiw Méih déi schnell Berbuerger Konteren an den Grëff ze kréien. An der 20.Minutt verpasst den opgereckelten Charel Weidert de Goal ganz knapp wéi en no engem Corner aus 12 Meter oofzitt.

5 Minutten drop schéckt de Pit Speltz den Yves Dahm iwwert déi riets Säit. Den Dahm geet an den 16er an zitt oof an zwengt den Diddelenger Keeper zu enger gudder Parade.

Mëttlerweil as set een montere Match deen hinn an hier geet: Den Speltz klärt eng Chance vum F91 op der Linn an der 35. Minutt. An der 38.Minutt déi gréissten Berbuerger Chance: Ee Fräistouss vun der rietser Sait vum Speltz fënnt de Kevin Madeira am Stroofraum. Dee kontrolléiert de Ball an zitt aus der Dréihung oof. Säin gudden Schoss verfehlt d'Gehäis vum lëtzebuerger Champion ëm Zentimeter. Läscht Chance virun der Paus haaten déi Diddelenger, mee den Ugrëff land am Aussennetz.

An der 2.Halschent konnten déi Berbuerger leider net méi vill dergéint setzen. Diddeleng markéiert d'Virentscheedung an der 53.Minutt wei den Jahier schéin an d'Déiwt gespillt gëtt,  an dem Yanick Steffen am Goal keng Chance léisst. Kuerz drop verpasst den Turpel den 0:4, seng Chance geet knapp driwer. An der 65.Minutt dunn awer den 0:4 fir den F91 wéi et rëm de Jahier war, deen markéiert, nodeems de Ball duerch ganz Berbuerger Verteidegung geet.

An der 75.Minutt huet den Steffen ze haart zougelaangt an sou kruuten déi Diddelenger een Elefmeter zougesprach. Deen war awer zimmlech schlecht geschoss an geet wäit iwwert de Goal.

Den F91 huet e bessen Tempo aus dem Match geholl an sou koumen dei Berbuerger zu hierer eenzeger Chance an der 2. Halschent: Den Pit Speltz konnt no schéiner Eenzelaktioun aus 25 Meter oofschléissen, säi Schoss geet awer knapp derlaanscht.

Eis Jongen hun sech daaper geschloen an sech déier verkaaft, géint eng Diddelenger Equipe, déi an der 1. Halschent an der Verteidegung gewackelt huet. Gudden Asaatz, op deen sech opbauen löisst. All Respekt!

Leschte Match ass nächste Sonnden géint den Avenir Beggen an der Coupe FLF. Gespillt gëtt am Stade Rénert um 16:00 Auer.

FCBB: Steffen - Thies, Weidert (C), Lacroix, Benner - Le Conte (66. Contrino), Dias Ramada, Speltz, Dahm (85.Vetter) - Lauer, Madeira

Réserve: Hristov, Contrino, Vetter, Stommes, Huss

Nët dobäi: Kaufmann, Petry, Klein, Becker, Mota, Schmit, Schuster, Frank

F91: Clepkens - Schnell, De Almeida, Malget, Turpel, Benzouien, Ney, Teixeira Pinto, Jahier, Mastrangelo, Prempeh
Réserve: Macedo, De Sousa, Keric, Benajiba, Laurienté
Share |