SCOLAIRES:  30 Punkten nô 10 Matcher! Respekt !

DARING ECHTERNACH  -  ENTENTE  BERBOURG/BIWER    1:7 (0:5)


Och de leschte Match virunn der Wanterpause huet eis Equipe op eng iwerzeegend Manéier kloer gewonnen an domat de Maximum vun de Punkte geholl.


Dofir gëllt de Spiller absolute Respekt, an och eng Portioun Stolz, well och an enger niddreger Klasse muss ee et färdeg brengen all Match sérieux unzegoen fir ze gewannen. Mat Ausnahm vun engem Match, wou d’Glëck op eiser Säit war, hu mir awer all déi âner Matcher dominéiert a ganz flotte Fussball gespillt.


Niewt de gudde Resultater ass et ganz erfreelech ze gesinn, wéi d’Spiller am Verglach zur leschter Saison évoluéieren. Dô sinn der eng ganz Reih, déi vill Fortschrëtter gemaach hunn. Wann eis ugeschloë Spiller  nees fir 2015 topfit sinn, an eise Goalkeeper nô laanger Verletzung nees um Terrain steet, kucke mir ganz positiv an déi nei Saison.


Do heescht dat neit réellt Ziel nees: ganz viir matzespillen!


D’Goaler am leschte Match fir 2014 hu geschoss :


Raffa ALMEIDA (3), Filipe PINTO (2) Glenn ARTOIS a Steven DOS SANTOS

 

MERCI un iech alleguer fir déi sëcher eemooleg Spillronn !

Share |